
Gutt 85.000 Supporter waren zu Buenos Aires am Monumental Stadion dobäi, wéi de Lionel Messi eng leschte Kéier fir Argentinien opgelaf ass. A sengem 208. a leschte Lännermatch sinn him nach emol e Gol an en Assist gelongen. Zur 3:0-Victoire hunn och den Otamendi an de Paz bäigedroen.
D'Partie, déi als "The last Tango" an "The last Supper" betitelt war, sollt awer zur Niewesaach geroden. Et goung eenzeg an eleng ëm de leschten Äddi vu "La Pulga". Och wann hie säi Liewe laang fir Argentinien wéilt spillen, wier elo awer de richtegen Zäitpunkt fir opzehalen, sou de Messi, deen am Bus Tréine vergoss hat a mat sengen dräi Kanner op den Terrain gaange war.
An der 10. Minutt war d'Partie géint de Benin fir eng Minutt ënnerbrach ginn. Zu Éiere vun der argentinescher Nummer 10. Dem Lionel Messi säin 126. Gol fir Argentinien war en Eelefmeter. No der Partie ass den aachtfache Ballon-d'Or-Gewënner mat enger Light- an Drone-Show geéiert ginn. Virum Match war him vun der Universitéit vu Buenos Aires zum Éierendokter ernannt ginn. De Messi ass mat Argentinien eemol Weltmeeschter an zweemol Vizeweltmeeschter ginn. Donieft huet hien zweemol d'Copa America gewonnen.