Den Iwwerbléck vum internationale FuttballLiverpool an Tottenham trenne sech 1:1, Mainz klappt Bremen

RTL Lëtzebuerg
Donieft wënnt Barcelona däitlech géint Sevilla a Metz verléiert dramatesch géint Toulouse.
© DARREN STAPLES / AFP

Bundesliga

Bremen - Mainz 0:2
0:1 Nebel (6'), 0:2 Lee (52')

Mainz hat en excellente Start am Ofstigsduell erwëscht an ass no 6 Minutte schonn duerch e Kappball vum Nebel a Féierung gaangen. Kuerz drop huet Bremen an enger änlecher Zeen op der anere Säit just d’Lat getraff. D’Lokalekipp hat an der Suite zwar méi de Ball, geféierlech Aktioune goufen et awer bal nëmmen vun de Mainzer. Knapp 5 Minutten nom Säitewiessel huet de Lee no engem Konter dunn och op 2:0 erhéicht a géint harmlos Bremer scho quasi fir d’Virentscheedung gesuergt. Mainz huet mat dëser Victoire elo 2 Punkten Avance op Bremen, déi mat engem Punkt Virsprong op d’Relegatiounsplaz op Plaz 15 leien.

Freiburg - Union Berlin 0:1
0:1 Jeong (90+2')

Freiburg huet sech offensiv géint eng kompakt Defense vun Union schwéier gedoen, wärend d’Gäscht virun allem op Konter gesat hunn a kaum de Ball haten. Och no der Paus war et eng Partie ouni vill Héichpunkten, bis de Jeong an der Nospillzäit den 1:0 geschoss huet. Duerno hat d’Lokalekipp nach e puer gutt Chancen, ass awer um Raab am Berliner Gol hänke bliwwen. Union feiert domat wichteg 3 Punkten am Kampf géint den Ofstig a gewënnt den éischten Auswäertsmatch zanter Dezember.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Manchester United - Aston Villa 3:1
1:0 Casemiro (53'), 1:1 Barkley (64'), 2:1 Cunha (71'), 3:1 Sesko (81')

D’Spectateuren am Old Trafford krute laang eng éischter onspektakulär Partie ze gesinn. No enger éischter Hallschent mat wéinegen Occasiounen huet de Casemiro d’Lokalekipp no engem Corner a Féierung bruecht, kuerz dono huet de Barkley no Corner nees ausgeglach. Och an der Suite si béid Ekippen net allze dacks offensiv geféierlech ginn, d’Red Devils hu sech awer effizient gewisen an d’Partie bannent 10 Minutten duerch zwee Goler vu Cunha a Sesko decidéiert. Manchester United léisst Aston Villa an der Tabell domat 3 Punkten hannert sech a festegt déi 3. Plaz.

Liverpool - Tottenham 1:1
1:0 Szoboszlai (18'), 1:1 Richarlison (90')

An engem Match mat wéinege Golchancen op béide Säiten ass Liverpool no 18 Minutten duerch een herrleche Fräistouss vum Szoboszlai a Féierung gaangen. Béid Ekippen hunn d’Prioritéit op d’Defense geluecht, soudass d’Spectateuren un der Anfield Road een zéie Match ze gesi kruten. Och am zweeten Duerchgang hate béid Formatiounen am leschten Drëttel kaum Iddien, bis de Richarlison mat der eenzeger klorer Chance no der Paus egaliséiert huet. Et ass deemno den éischte Punkt fir d’Spurs zanter Ufank Februar, si bleiwen awer just 1 Punkt virun enger Relegatiounsplaz.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

Como - AS Roum 2:1
0:1 Malen (7', Eelefmeter), 1:1 Douvikas (59'), 2:1 Carlos (79')

D’AS Roum krut fréi en Eelefmeter zougesprach, deen de Malen verwandelt huet, ma an der Suite huet Como d’Kontroll vum Match ergraff. D’Ekipp vum Cesc Fabregas huet Roum net méi virun den eegene Gol komme gelooss an hat eng ganz Partie Occasiounen, vun deenen den Douvikas an der 59. Spillminutt eng genotzt huet. Kuerz drop sinn d’Réimer duerch eng rout Kaart fir de Wesley an Ënnerzuel geroden. D’Lokalekipp huet weider gedréckt a knapp 10 Minutte viru Schluss war et de Carlos, deen no engem Corner d’Partie verdéngt dréine konnt. Como huet deemno elo en Avantage vun 3 Punkten op d’AS Roum a spréngt op Plaz 4, wärend Roum op déi 6. Plaz zréckfält.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Metz - Toulouse 3:4
0:1 Dønnum (6'), 0:2 Gboho (14'), 1:2 Mbala (30'), 2:2 Kouao (31'), 2:3 Gboho (45+3'), 3:3 Abuashvili (88'), 3:4 Sauer (90+9')

A Frankräich muss Metz eng ganz batter Defaite géint Toulouse astiechen. No fréiem 0:2-Réckstand huet Metz bannent enger Minutt egaliséiert, direkt virun der Paus ass een awer nees a Réckstand geroden. Kuerz viru Schluss konnt den Abuashvili nees ausgläichen, soudass villes op den éischte Punktegewënn zanter Ufank Februar higedeit huet. An der néngter Minutt vun der Nospillzäit ass Toulouse dunn awer nach de Lucky Punch gelongen, woumat Metz nees verléiert an ogeschloen op der leschter Plaz bleift.

Le Havre - Lyon 0:0

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Barcelona - Sevilla 5:2
1:0 Raphinha (9', Eelefmeter), 2:0 Raphinha (21', Eelefmeter), 3:0 Olmo (38'), 3:1 Oso (45+3'), 4:1 Raphinha (51'), 5:1 Cancelo (60'), 5:2 Sow (90+2')

Vun der éischter Minutt un huet Barcelona keng Zweiwel drun opkomme gelooss, wien am Camp Nou als Gewënner sollt vum Terrain goen. No zwee Eelefmeter vum Raphinha an engem Gol vum Olmo stoung et no 38 Minutte schonn 3:0 fir d’Lokalekipp. Virun der Paus ass Sevilla den Uschloss gelongen, an der 51. Spillminutt huet de Raphinha awer mat engem schéinen Ofschloss nees op 4:1 gestallt, a spéitstens mam Cancelo sengem Gol no enger Stonn war d’Partie decidéiert. D’Katalane leien domat weider mat 4 Punkten Avance op Real Madrid un der Tabellespëtzt.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO