Den Iwwerbléck vum internationale FuttballMainz a St. Pauli trenne sech ouni Goler

RTL Lëtzebuerg
Bayern München geet mat engem 4:0 an als Hierschtmeeschter an d'Wanterpaus. An der Premier League huet Aston Villa ManU geklappt.
© TORSTEN SILZ/dpa Picture-Alliance via AFP

Bundesliga

Mainz - St. Pauli 0:0

Am leschte Match vum Joer 2025 gouf et fir keng vu béiden Ekippen den erhoffte Befreiungsschlag. Och wa Mainz iwwer de ganze Match méi vum Match a méi Ballbesëtz hat, koume si zu kengen nennenswäerte Golchancen. Och St. Pauli huet sech net dacks virum Gol gewisen, a wann dach, dann net wierklech geféierlech. Béid Ekippe bleiwen am Tabellekeller a St. Pauli waart souguer zënter eelef Matcher op eng Victoire. Den Danel Sinani koum eréischt ganz zum Schluss vun der Bänk, mee konnt an der kuerzer Zäit keng Akzenter setzen.

Heidenheim - Bayern München 0:4
0:1 Stanisic (15'), 0:2 Olise (32'), 0:3 Diaz (86'), 0:4 Kane (90'+2)

De Rekordchampion huet de leschte Match vum Joer héichverdéngt gewonnen a schléisst d’Joer mol nees eng Kéier als Tabellenéischten of. Et war eng ongefäerdet Victoire zu Heidenheim, déi sech de ganze Match iwwer net verstoppt hunn, mee net géint d’spilleresch Dominanz vu München ukoumen. Den FCB hat vun Ufank un e klore Plang a gouf séier mat engem Gol belount. Béid Ekippen hu sech net verstoppt, mee München huet seng Chancë besser genotzt. Heidenheim krut sech am zweeten Duerchgang wuel nach gesteigert, mee d’Bayern hu mat zwee spéide Goler de Sak endgülteg zougemaach.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Aston Villa - Manchester United 2:1
1:0 Rogers (45'), 1:1 Cunha (45'+3), 2:1 Rogers (58')

ManU hat am Ufank wuel déi besser Chancen, mee krut se net eran. Duerno war et bis an d’Paus en zimmlech chancenaarme Match, dee virum Säitewiessel awer esou richteg op Toure koum. Bannent véier Minutte kruten d’Spectateuren zwee Goler ze gesinn an d’Partie blouf oppen. De Rogers huet mat sengem zweete Gol de Match entscheet, och wa Manchester bis zum Schluss nach op den Ausgläich gedréckt huet. Fir Aston Villa war et déi zéngt Victoire hannerteneen.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Coupe de France: 1/32.-Finall

Auxerre - Monaco 1:2
0:1 Biereth (8'), 1:1 Diousse (29', Eelefmeter), 1:2 Biereth (74')

Bourg en Bresse - Marseille 0:6
0:1 Balerdi (8'), 0:2 Greenwood (59'), 0:3 Höjbjerg (64'), 0:4 Paixao (67'), 0:5 Nadir (77'), 0:6 Mmadi (87')

Nice - St. Etienne 2:1
1:0 Diallo (11'), 1:1 Davitashvili (45', Eelefmeter), 2:1 Sanson (72')

Stroossbuerg - Dunkerque 2:1
1:0 Enciso (26'), 2:0 Doukouré (40'), 2:1 Robinet (54', Eelefmeter)

La Liga

Girona - Atlético Madrid 0:3
0:1 Koke (13'), 0:2 Gallagher (38'), 0:3 Griezmann (90'+2)

Villareal - FC Barcelona 0:2
0:1 Raphinha (12', Eelefmeter), 0:2 Lamine Yamal (63')

Mat dësem Resultat behält den FCB seng véier Punkten Avance op Real Madrid. Barcelona huet awer virun allem am éischten Duerchgang vill Feeler produzéiert, war awer och am Virdeel, dass Villareal no 40 Minutte just nach zu Zéng um Terrain war. Well d’Lokalekipp war drop an drun, den Ausgläich ze markéieren. Nom Säitewiessel huet Lamine Yamal de Sak zougemaach. Villareal hätt nach eng Kéier kënne verkierzen, mee de Barca-Golkipp stoung richteg.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO