
An der Bundesliga gouf den Aiman Dardari beim 0:0 tëscht Augsburg a Bremen an der 78. Spillminutt agewiesselt. Et war säin éischten Asaz an der Bundesliga zanter knapp zwee Méint.
Am Kellerduell tëscht dem 16. an dem 17. vun der 2. Bundesliga huet Greuter Fürth sech mussen auswäerts 1:2 géint Düsseldorf geschloe ginn. De Mathias Olesen ass bei Fürth an der 66. Minutt beim Score vun 0:2 agewiesselt ginn.
Donieft huet Magdeburg sech 3:2 zu Kaiserslautern duerchsetze kënnen, dat awer ouni den Eldin Dzogovic am Kader.
D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.
An der italieenescher Serie B ass Venedeg mam Seid Korac weider a gudder Verfaassung. No der 2:1-Victoire zu Modena, bei där de Korac an der 81. Minutt agewiesselt gouf, huet een elo 5 aus de leschte 6 Matcher gewonnen an ass op déi 3. Tabelleplaz gesprongen.
Bastia huet sech an der 1/32.-Finall vun der franséischer Coupe beim Fëneftligist aus Pontivy laang schwéier gedoen, um Enn konnt ee sech awer mat 1:0 duerchsetzen. De Florian Bohnert huet de Match ugefaangen a gouf no 72 Minutten ausgewiesselt.
An der ieweschter Divisioun an Holland huet Heracles doheem 0:3 géint Heerenveen de Kierzere gezunn. Den Yvandro Borges stoung wéinst enger Blessur net am Kader vun Heracles.
An der éischter serbescher Liga huet IMT Novi Belgrad sech mat 1:0 géint den Tabelleleader Partizan Belgrad behaapt. Den Olivier Thill stoung bei der Lokalekipp net am Kader.