Futtball-Championnat: BGL LigueMunneref wënnt zu Rodange, de Racing klappt Hesper

Tom Nols
Keng Chance fir d'Heemekipp, déi déif am Tabellekeller stécht. Munneref klëmmt virleefeg op déi drëtt Plaz. Fir de Swift war um Racing näischt ze huelen.
Déi dräi Punkte sinn um Verluerekascht bliwwen
Déi dräi Punkte sinn um Verluerekascht bliwwen
© Steve Beckers

Virun 220 Spectateuren haten déi Rodanger all Interêt, sech déi dräi Punkten ze sécheren, hate si dach an de leschte fënnef Partien nëmmen ee Punkt ergattere kënnen. Munneref op Plaz 5 an der Tabell wollt awer no uewe luussen, a louch dunn no net mol enger Véierelstonn och scho mat 2:0 vir. Den Tinelli an der 6. an de Steinmetz an der 10. Minutt hunn hir Faarwen a Féierung geschoss. Mat hirer éischter richteger Chance konnten déi Rodanger dunn awer bëssen iwwerraschend an der 30. Minutt duerch den Mbombo op 1:2 verkierzen. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent hat de Monteiro nach bal vun der Mëttellinn fir den Ausgläich gesuergt. Säi Wäitschoss goung géint de Potto.
An der 50. Minutt huet de Kumbi fir Munneref op 1:3 erhéicht. Rodange ass ze dacks just hannendru gelaf, sou datt eréischt an der 78. Minutt, erëm de Monteiro, mat engem weidere Schoss op de Potto eng éischt Geleeënheet hat fir d’Heemekipp. Vill sollt duerno net méi geschéien, sou dass Munneref déi dräi Punkte mathëlt a sech virleefeg op déi drëtt Plaz an der Tabell no vir schaffe kann. Sollt Péiteng zu Biissen epppes mathuelen, wäert Rodange op déi leschten Tabelleplaz ofrëtschen.

De Racing war an der Partie géint Hesper iwwer wäit Strecke vun der éischter Hallschent déi besser Ekipp, den Hofland hat an der 16. Minutt op de Potto gekäppt, an awer sollt et mat engem 0:0 an d’Paus goen.
An den zweete 45 Minutte waren d’Spiller vum Verluerekascht weider dominant a sinn no 62 Minutten duerch hire Kapitän Ikene mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 88. Minutt hat de Fonrose nach den zweete Gol fir seng Faarwen um Fouss, mee den Hesper Golkipp Dupire konnt exzellent paréieren. De Racing klëmmt mat där Victoire virleefeg op Plaz 8 an der Tabell. Hesper bleift op der 13. Plaz a ka souguer nach eng Plaz falen.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

FC Rodange 91 - US Munneref 1:3
0:1 Tinelli (6'), 0:2 Steinmetz (10'), 1:2 Mbombo (30'), 1:3 (Kumbi (50')
Hei de Replay vum Match.

Racing Lëtzebuerg - Swift Hesper
1:0 Ikene (62')
Hei de Replay vum Match.


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO