Lëtzebuerger Futtballer am AuslandOlesen trëfft fir Graz, Jans mat Beveren weider ongeschloen

Tom Nols
Och de Leandro Barreiro an den Aiman Dardari konnte Victoirë feieren. Néierlage gouf et dogéint fir de Luc Holtz, de Florian Bohnert an den Anthony Moris.
De Mathias Olesen huet an Éisträich getraff
© DANIEL KARMANN DPA DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Samschdeg

An der éischter éisträichescher Liga huet sech de Grazer AK mat 2:0 géint Wolfsberg duerchgesat. De Lëtzebuerger Mathias Olesen huet duerchgespillt an den éischte Gol vum Match markéiert.
a

An der 2. däitscher Bundesliga konnt sech Greuther Fürth 2:0 géint Elversberg duerchsetzen. Den Aiman Dardari souz op der Bänk, ass awer net agewiesselt ginn. Fürth steet aktuell op Plaz 13 an der Tabell, bis op déi leschte Plaz sinn et just 5 Punkten Ënnerscheed.
D’Resultater an d’Tabell aus der 2. Bundesliga.

A Portugal huet Benfica Lissabon sech in extremis mat 2:1 géint Arouca duerchgesat. Déi zwee Goler fir Benfica si spéit an der Nospillzäit gefall. De Leandro Barreiro huet dee ganze Match gespillt.

Den SV Waldhof Mannheim ënnert dem Lëtzebuerger Trainer Luc Holtz huet beim VfL Osnabrück eng 1:4 Néierlag mussen astiechen. Mannheim steet aktuell op Plaz 9 vun der 3. däitscher Liga.

No 28 Partië bleift den SK Beveren an der zweeter belscher Liga weider ongeschloen un der Spëtzt. Géint Club NXT gouf et en 2:2 Gläichspill. De Laurent Jans stoung de ganze Match um Terrain.

An der zweeter italieenescher Liga huet Venedeg 0:0 gläich gespillt bei Sampdoria Genua. De Seid Korac souz bei de Visiteuren op der Bänk, ass awer net agewiesselt ginn. Venedeg bleift un der Tabellespëtzt vun der Serie B, ee Punkt viru Monza.

An der zweeter Divisioun a Polen ass Stal Rzeszow doheem net iwwert en 1:1 géint Leczna erauskomm, déi op der zweetleschter Plaz an der Tabell stinn. De Sébastien Thill stoung bei Rzeszow an der Startformatioun.

Freideg

An der 2. franséischer Liga huet Bastia doheem 1:0 géint Boulogne verluer. Bei Bastia ass de Florian Bohnert agewiesselt ginn. Bastia bleift no där Néierlag op der leschter Tabelleplaz.

St. Pölten mam Dirk Carlson sollt an der 2. Liga an Éisträich zu Stripfing spillen. Déi Partie ass awer ofgesot ginn. Op en neien Datum gëtt nach gewaart.

An der Saudi Professional League a Saudi-Arabien huet Al-Khaleej mam Anthony Moris 0:5 géint al-Nasr verluer.

D’Resultater aus der Liga Portugal.

Back to Top
CIM LOGO