Jeunesse EschReinhold Breu verlängert säi Kontrakt bis 2030

Sam Rickal
De 55 Joer alen Däitschen ass zanter dem Summer bei der Escher Jeunesse als Trainer an als Directeur sportif aktiv.
De Reinhold Breu bleift bei der Jeunesse
© RTL-Archiv

De Lëtzebuerger Rekordchampion setzt op Kontinuitéit an huet nieft der Kontraktverlängerung mam Reinhold Breu och seng Visioun fir déi nächst Jore bekannt ginn. Aktuell steet d’Jeunesse no 21 Spilldeeg mat 28 Punkten op der 7. Plaz an der Tabell. An Zukunft wëllen déi Schwaarz-Wäiss an der Tabell no uewe klammen, dofir wëllt een an den nächste Jore weiderhin op jonk lëtzebuergesch Talenter setzen.

Am Summer gouf et e gréisseren Ëmbroch. Nieft dem Reinhold Breu, dee souwuel als Trainer, wéi och als Directeur sportif ënner Kontrakt geholl gi war, sinn och eng Partie jonk Lëtzebuerger Spiller, wéi ënnert anerem de Leon Elshan an den Tim Flick, op Esch gewiesselt. Dëse Wee wëllt een och an Zukunft um Transfertmaart aschloen. Donieft wëllt d’Jeunesse awer och déi eege Jugendausbildung weiderhi verbesseren. Zil ass et awer och, méi an den Dammefuttball ze investéieren. Momentan huet d’Jeunesse nëmmen eng U13-Dammenekipp.

Mat ënnert anerem dem Tim Flick, dem Leon Elshan, dem Tiziano Mancini, dem David Jonathans an dem Christophe Andrade Brites huet de nationale Rekordchampion och eng Rei Spiller, déi rezent fir d’U21-Nationalekipp selektionéiert gi sinn.

Back to Top
CIM LOGO