Stater RacingStéphane Masala gëtt neien Trainer

Gilles Tricca
Dem 49 Joer ale Fransous säi Kontrakt leeft iwwer zwee Joer, mat Optioun op eng weider Saison, sollt de Racing et op déi europäesch Bün packen.
De Stéphane Masala gëtt neien Trainer vum Stater Racing
De Stéphane Masala gëtt neien Trainer vum Stater Racing
© Racing Lëtzebuerg

De Stéphane Masala huet vun elo un dat sportlecht Soe beim Fusiounsveräin. Den 49 Joer ale Fransous kënnt vu Chambly aus der Nationale 1 a Frankräich.

Säi gréisste sportlechen Erfolleg hat hien 2018, wéi hien als Trainer vu Les Herbiers an der Finall vun der Coupe de France stoung. D’Amateuren hate sech deemools 0-2 misse géint Paris- St-Germain geschloe ginn.

De Kontrakt gëllt fir zwee Joer mat enger Optioun fir eng weider Saison am Fall vun enger Qualifikatioun fir d’Coupe d‘Europe.

Back to Top
CIM LOGO