Futtball1. Gol an der Bundesliga fir de Leandro Barreiro: Hei seng Reaktioun

Tom Hoffmann
An der Bundesliga huet de Leandro Barreiro bei der Victoire géint RB Leipzig net nëmme säin éischten, mee och den decisive Gol fir Mainz 05 geschoss.
Leandro Barreiro
An der Bundesliga huet de Leandro Barreiro bei der Victoire géint RB Leipzig net nëmmen säin éischten, mee och den decisiven Goal fir Mainz 05 geschoss.

Nieft dem Nico Braun an dem Jeff Strasser ass den 21 Joer jonken Nationalspiller deen 3. Lëtzebuerger, deen an der héchster däitscher Liga e Gol markéiert huet.

1. Gol fir Barreiro an der Bundesliga / Reportage F. Hippert

Et war déi 50. Spillminutt am Match géint RB Leipzig. Dem Leandro Berreiro säi Matspiller Dany Da Costa huet sech gutt géint déi Leipziger Defense duerchgesat an de Ball an de 16-Meter geflankt, wou de Lëtzebuerger Nationalspiller goldrichteg stoung, fir säin 1. Gol an der Bundesliga ze markéieren.

„D’Reaktioun op de Gol koum doduerch, dass ech schonn e puer Matcher drop waarden, mäin éischten Gol ze schéissen. Ech waarden elo 33 Matcher drop, endlech ze markéieren a virdrun huet et ni geklappt. Eng Kéier stoung de Potto oder d’Lat am Wee oder ech hat keng Aktioun am Match. De Gol war och fir eng speziell Persoun, déi eis ze fréi verlooss huet an ech war dee Moment immens glécklech, dass et endlech geklappt huet.“, sot de Leandro Barreiro am Interview.

Viru 5.572 Deeg hat dee leschte Lëtzebuerger an der Bundesliga markéiert. Deemools war et de Jeff Strasser, deen am Dress vu Gladbach géint Kaiserslautern e Gol geschoss hat. Dat war den 22. Oktober 2005 an de fréiere Bundesligaspiller erënnert sech nach gutt un de Moment.

„Et war e Volley no engem Corner, also ee vun deene méi schéine Goler, wou ech d’Chance hat ze schéissen.“

Och vum Nico Braun, deen den éischte Lëtzebuerger war, deen an der Bundesliga markéiert huet, gouf et vill Luef.

„Mat deem Alter a mat där Aart a Weis, wéi hie sech do duerchsetzt, dat ass fir mech méi wéi exemplaresch. Ech bewonneren hien, wéi de Borscht alles dru setzt, fir sech ze behaapten an dowéinst ass et mir absolut net baange fir seng Zukunft.“

Weider geet et fir de Leandro Barreiro an den 1. FSV Mainz 05 e Freideg géint Stuttgart. An no dëser 3:2-Victoire géint Leipzig huet d’Ekipp vum Bo Svensson vill Confiance getankt.

“Mir sinn nach ëmmer an enger schlechter Situatioun. All Punkt bréngt eis weider. Mir hu géint e gudde Géigner 3 Punkte geholl an dat weist, wat mir fäeg sinn ze maachen an dat gëtt eis sécher Confiance fir déi nächste Matcher.”, esou de Leandro Barreiro weider.

1. Gol fir Barreiro an der Bundesliga / Reportage F. Hippert

Back to Top
CIM LOGO