Den erfollegräichste Lëtzebuerger Turner vun allen Zäiten ass deen eenzege Lëtzebuerger Sportler, dee 5 Mol bei Olympesche Spiller war.

De Josy Stoffel, fréier Turngloire, huet e Mëttwoch am Cipa zu Rodange seng 90 Joer gefeiert.

Den erfollegräichste Lëtzebuerger Turner vun allen Zäiten ass deen eenzege Lëtzebuerger Sportler, dee 5 Mol bei Olympesche Spiller present war, dat vun 1948 bis 1964.

De gebiertegen Déifferdenger war bei 4 Weltmeeschterschaften a 6 Europameeschterschaften mat dobäi.

Op der EM zu Frankfurt krut de Josy Stoffel 1955 d'Bronzemedail am Sprong.

1957 an 1960 gouf de Konschtturner als beschte Lëtzebuerger Sportler geéiert.

No senger aktiver Carrière huet deen elo 90-Järegen 10 Joer laang déi belsch Nationalekipp trainéiert an och bal 10 Joer laang déi Lëtzebuerger.

Natierlech war d'Feier e Mëttwoch fir de Josy Stoffel immens emotional. Den Ex-Turner war iwwerrascht, datt esou vill Leit op sengem Gebuertsdag waren.

Hie weess, datt an esou enger laanger Carrière wéi a senger vill Héichten awer och e puer Déifte waren ...

AUDIO: De Josy Stoffel
RTL

© Serge Olmo