Am 1. Match vum Titel Playoff ka sech d'Red Boys mat 35:32 géint den HC Bierchem behaapten.

AUDIO: Red Boys - Bierchem: De Reportage vum Serge Olmo

Di éischt Halbzeit hunn di Déifferdenger zimlech däitlech dominéiert a ware phaseweis 5 Goaler am Avantage. No der Awiesselung vum Belsche Nationalspiller Arbër Qerimi sinn di Bierchemer ëmmer méi no eru komm. An der Paus stoung 18-17 fir di Rout vun Déifferdeng.

Di Bierchemer si besser aus de Kabinne komm a ware no enger Dräivéierelsstonn 2 Goaler vir bei 26-24.

Di lescht Matcher waren dacks serréiert tëscht béiden Equippen... meeschtens konnte sech di Réiserbänner behaapten.

6 Minutte virum Enn vun der Partie war Bierchem 2 Goler vir an hat eng Iwwerzuel. De Raphael Gudden war ganz effikass bei de Gäscht.

An der Schlussphas hunn di Déifferdenger awer enorm gekämpft an hu 5 Goaler noeneen markéiert.

Am Klassement iwwerhuelen no dëser Victoire déi Déifferdenger d'Tabellespëtzt virum Handball Esch.

Um Samschdeg sinn di zwou aner Partien am Titel Playoff mat am Mëttelpunkt dem Match Käerjeng géint den HB Diddeleng.

VIDEO: Déifferdeng klappt Bierchem
Am 1. Match vum Titel Playoff ka sech d'Red Boys mat 35:32 géint den HC Bierchem behaapten.