Rout Léiwen entféieren e Punkt aus Estland
E Freidegowend waren d'Rout Léiwen am Kader vun der U21-EM-Quali am Asaz. Gespillt gouf den zweete Match an der Quali-Phas zu Tallin an Estland.
An engem serréierte Match tëscht Estland a Lëtzebuerg gouf et no 90 spannenden a montere Minutten um Enn keen Gewënner. Béid Formatiounen trenne sech 2:2 gläich.
D'Ufanksphas vum Match war relativ equilibréiert, béid Ekippen haten hir Chancen, mä d'Lëtzebuerger ware méi effikass. An der 8. Minutt konnt de Lohei, deen den Ament bei der Eintracht vun Tréier spillt, de Score op 1:0 setzen. Mä et sollt net mat enger Féierung fir d'Rout Léiwen an d'Paus goen. De Siht gouf an der 31. Minutt schéin an Zeen gesat a konnt de Score nees egaliséieren.
Nom Téi waren et d'Esten, déi de bessere Start an de Match erwëscht hunn. Esou konnt den Agaptšev an der 59. Minutt no enger schéiner Viraarbecht vum Tovstik den 2:1 fir seng Faarwe markéieren. Allerdéngs hunn d'Lëtzebuerger sech ni opginn an hu weider u sech gegleeft. An um Enn sollte si sech och fir hir Méie belounen. An der 70. Minutt kruten d'Lëtzebuerger en Eelefmeter accordéiert, deen den Duarte du sécher am Gol ënnerbruecht huet. Un dësem Score sollt sech och näischt méi änneren, obschonns de Lëtzebuerger Elshan an der 92. Minutt nach eng déck Chance hat, fir den 3:2 ze markéieren.
Den Ament steet Lëtzebuerg no zwee Matcher mat engem Punkt op der leschter Plaz am Grupp. Deen nächste Match gëtt de 14. Oktober gespillt. Do geet et fir d'Rout Léiwen an Island.