Am Stade Josy Barthel war e Méindeg den Owend d'Ukrain op Besuch. Lëtzebuerg huet am 2. Match vun der EM-Qualifikatioun eng Defaite missen astiechen.
Fir de Kont vum 2. Spilldag am Grupp B vun der EM-Qualifikatioun hat Lëtzebuerg mat der Ukrain ee schwierege Géigner virun der Broscht. D'FLF-Formatioun ass jo géint Litauen mat engem Erfolleg an d'Campagne gestart a wollt déi gutt Leeschtung aus dem Optaktmatch e Méindeg den Owend viru 4.653 Spectateuren op der Areler Strooss bestätegen. D'Performance huet och gestëmmt, ma fir eng Victoire ass et net duergaangen.
FOTOGALERIE: Andréck vum Roland Miny

D'Ekipp kritt vum Public fir déi gutt Leeschtung applaudéiert. / © Luc Marteling
An der 3. Minutt vun der Nospillzäit huet de Gerson Rodrigues, deen eng exzellent 2. Hallschecht gespillt huet, ganz onglécklech de Ball beim Stand vun 1:1 an den eegene Filet gekäppt. Trotz exzellenter Leeschtung a vill Kampf hunn d'Rout Léiwen deemno missen eng 1:2-Defaite astiechen.
D'Tabell vum Grupp B nom 2. Spilldag
D'Highlighte vum Match mat Reaktioune vun der Areler Strooss
De Resumé vun der Partie Lëtzebuerg géint Ukrain
Zwee Changementer huet den Nationaltrainer Luc Holtz no dem Optaktmatch géint Litauen virgeholl: Hannendran ass de Kevin Malget fir de Lars Gerson opgelaf an am Stuerm koum den Dave Turpel amplaz vum Dan Da Mota an d'Starteelef.
Déi éischt 5 Minutte sinn d'Rout Léiwen zimlech gutt an de Match komm, se sinn d'Ukrainer fréi ugelaf an hu se esou fréi ënner Drock gesat. No an no huet d'Ukrain den Tempo awer ugezunn an ass virun allem iwwer déi riets offensiv Säit ugelaf - d'Lëtzebuerger konnten awer dogéint halen, soudatt et no 20 Minutten 0:0 stoung.
Et war gewosst, datt d'Ukrain hannendran extrem sécher géing stoen. Thill, Rodrigues, Turpel a Co. haten deemno ee ganz schwéiere Stand, mä wann d'Rout Léiwe séier flaach iwwert de Buedem de Ball zirkuléiere gelooss hunn, waren Aktiounen no vir méiglech.

© Roland Miny
Ganz kuriéis war de Match dunn tëscht der 32. an der 34. Spillminutt. Fir d'éischt hat d'Ukrain eng Fräistouss-Méiglechkeet aus ganz gudder Distanz, ma de Yevhen Konoplyanka huet dat ronnt Lieder e gudde Meter laanscht de Lëtzebuerger Gol gesat.

Fräistouss aus kuerzer Distanz fir d'Ukrainer. / © Luc Marteling
Duerno war et un de Roude Léiwen. No enger riseger Golchance vum Maxime Chanot, déi d'Ukrainer kläre konnten, koum de Vincent Thill un de Ball. Hien huet de Ball weider u säi Brudder Olivier ginn, deen den Dave Turpel an der Mëtt ugespillt huet. Den Diddelenger huet de Ball just nach iwwer déi fatal Linn missen drécken - 1:0 fir Lëtzebuerg an der 34. Minutt.

Grouss Freed nom 1:0 bei de Roude Léiwen! / © Luc Marteling
No net emol 5 Minutte koum dunn awer d'Äntwert vum Andriy Shevchenko senger Formatioun. Et war den Victor Tsygankov, deen an d'Déift geschéckt gouf an dat ronnt Lieder mat der Pick erageschoss huet. Mat engem 1:1 goung et op den Téi.
Fir den 2. Duerchgang huet een de Lëtzebuerger ugemierkt, datt si weider offensiv wollten no vir spillen. Esou koum et an den éischte 5 Minutten zu enger reegelrechter Corner-Serie fir d'Rout Léiwen. Een dovun ass dunn och richteg geféierlech ginn, dat wéi de Ball beim Vincent Thill gelant ass an dat jonkt Nowuesstalent stramm mat riets ofgezunn huet - dat ronnt Lieder ass awer knapp laanscht gaangen.

Lëtzebuerg huet och am 2. Duerchgang flott no vir gespillt a gutt matgehalen. / © Screenshot
Och duerno huet sech Lëtzebuerg kengeswees verstoppt. Et war awer schwiereg déi richteg Balance ze fannen, well d'Ukrainer och ëmmer nees Akzenter no vir gesat hunn. Esou koum et zu dem 2. geféierleche Fräistouss fir déi Giel, ma och déi Kéier ass aus der Standard-Situatioun näischt entstan.

© Luc Marteling
20 Minutte viru Schluss stoung et nach ëmmer 1:1 an ee weidere gudden Exploit vun der FLF-Formatioun houng an der Luucht. Mat der Awiesslung vum Stefano Bensi krut dat Lëtzebuerger Spill erëm een neien Driff no vir, d'Defense huet allerdéngs weider misse ganz gutt oppassen, well Konoplyanka a Co. geféierlech waren. Ganz opfälleg am Spill no vir bei de Lëtzebuerger war iwwerdeems de Gerson Rodrigues: De Profi, dee jo a Japan spillt, konnt sech dacks gutt duerchsetzen.
Déi lescht ganz gutt Golchance fir Lëtzebuerg hat den Oli Thill an der 90. Spillminutt, dat no engem flott ausgespillte Konter vun de Roude Léiwen. Um Enn huet d'Kraaft awer e bësse gefeelt.
Ganz batter waren dunn awer d'Schlussminutten. No engem leschte Fräistouss vun den Ukrainer, deen den Arbitter accordéiert huet an deen net onbedéngt berechtegt war, koum de Gerson Rodrigues mat dem Kapp un de Ball. Onglécklecherweis ass dat ronnt Lieder doropshin am eegene Filet gelant.

Batter Néierlag an der leschter Minutt duerch ee Selbstgol. / © Luc Marteling
Resultater an d'Resuméen aus den anere Gruppen am Iwwerbléck
Grupp B
Am Grupp vun de Lëtzebuerger ass Portugal op Serbien getraff. Nodeems Portugal beim Optaktmatch doheem géint d'Ukrain net wanne konnt, huet d'Formatioun vum Nationaltrainer Fernando Santos 1:1 gläich gespillt.
Portugal - Serbien 1:1 (1:1)
Grupp H
Tierkei - Moldawien 4:0 (2:0)
Frankräich - Island 4:0 (1:0)
Andorra - Albanien 0:3 (0:1)
Grupp A
Montenegro - England 1:5 (1:2)
Kosovo - Bulgarien 1:1 (0:1)