E Méindeg den Owend huet den FC Mamer 32 matgedeelt, datt de Veräin an hiren Trainer Dean Léen getrennt Weeër ginn.

No der 1:4-Defaite am Opsteigerduell e Sonndeg géint Biissen huet den FC Mamer 32 e Méindeg den Owend annoncéiert, datt de Veräin an hiren Trainer Dean Léen vun elo u getrennte Weeër ginn.

Zanter Oktober 2023 stoung den Dean Léen zu Mamer an der Responsabilitéit a war do virdrun 8 Méint de President vum FCM32. A senger Zäit op der Trainerbänk konnt hien d'lescht Saison den Opstig an d'BGL Ligue, wéi och den Championstitel an der Éierepromotioun feieren.

No 12 Spilldeeg steet Mamer mat 7 Punkten op der leschter Plaz an der Tabell a waart zanter dem 3. Spilldag op eng weider Victoire.