De Basket Esch klappt Diddeleng mat 99:84

© Shari Schenten
Bei den Dammen wënnt am Playoff Walfer ganz knapps géint Steesel an de Gréngewald klappt de Basket Esch.
E Samschdeg den Owend stoung bei den Hären wéi och bei den Dammen den 1. Spilldag am Playoff respektiv am Playdown um Programm.
Hären-Basket
Playoff
Basket Esch - T71 Diddeleng 99:84
Nodeems Esch am Réckstand louch haten se d'Chance verpasst fir nees un déi Diddeleng bäi ze kommen a kuerz dono hat sech Diddeleng dann op eemol e Virsprong vun 11 Punkten erausgespillt. Déi Escher hunn awer eng Reaktioun gewisen a sinn am zweete Véierel nees bis op 5 Punkten erukomm. An der Paus kruten déi Escher vum Trainer de Kapp gewäsch an hunn de Match komplett gedréint. De Basket Esch huet e Laf vu 15 Punkten op de Parquet geluecht an den Diddelenger keng Chance méi gelooss. Zum Schluss vum 3. Véierel haten déi Escher e Virsprong vu 19 Punkten. Am leschte Véierel hunn se sech dann dës Féierung net méi huele gelooss a gewannen däitlech mat 99:84.
Hiefenech - Musel-Pikes 73:77
Am éischte Véierel huet keng Ekipp där anerer eppes geschenkt an et ass mat engem Virsprong vun 1 Punkt fir d'Musel-Pikes an den 2. Véierel gaangen. Do konnten sech déi Miseler dann e bëssen ofsetzen sou dat et mat engem 35:41 an d'Paus gaangen ass. Et ass och nom Téi weiderhin spannend bliwwen an Hiefenech wollt d'Gäscht net zéie loossen. Zum Schluss huet d'Heemekipp dann och nach eng kéier spannend gemaach a sinn nees méi no erukomm mee et sollt awer net méi duergoen.
Playdown
Amicale Steesel - Telstar Hesper 88:73
Am Playdown huet Steesel 3 Amerikaner respektiv Profie spille gelooss an domadder déi ongeschriwwe Regel gebrach dat eigentlech just 2 Amerikaner/Profien um Terrain stoe sollten. Mee och mat den 3 Amerikaner hu se sech schwéier gedoen an Hesper huet gutt dogéint gehalen. Am leschte Véierel ass et de Steeseler dann awer gelongen sech ofzesetzen a gewannen dëse Match méi oder manner däitlech mat 88:73 géint Hesper.
Konter - Black Star Miersch 103:93
Dammen-Basket
Playoff
Basket Esch - Gréngewald 70:92
Am éischte Véierel war de Match zimmlech ausgeglach sou dat dësen mat 16:14 fir de Gréngewald op en Enn gaangen ass. Am 2. Véierel war de Gréngewald dunn awer déi besser Ekipp a konnt sech ofsetzen sou dat et mat engem 45:35 an d'Paus gaangen ass. Och no der Paus hunn d'Gäscht deenen Escher keng Chance gelooss an d'Féierung nach weider ausgebaut. Am leschte Véierel konnten se dunn Tempo eraushuelen ouni a Gefor ze geroden.
Résidence Walfer - Amicale Steesel 89:87
E ganz enke Match kruten d'Spectateuren dogéint beim Match Walfer géint Steesel ze gesinn. Am éischte Véierel konnt sech Walfer eng kleng Féierung vu 6 Punkten erausspillen an dës och an d'Paus mathuelen. No der Paus ass Steesel dunn u Walfer dru bliwwen an hunn se net fort zéie gelooss. Am leschten a 4. Véierel ass et dunn dramatesch ginn wéi Steesel de Réckstand ophuele konnten an et 20 Sekonne viru Schluss 87:87 stoung. Zum Schluss konnt Walfer awer nach 2 Punkte markéieren an de Match ganz knapps gewannen.
Playdown
Musel-Pikes - Sparta Batréng 75:62
Den zweeten an drëtte Véierel hat d'Sparta komplett verschlof an opgrond vun dësen hunn se dëse Match verluer. Am 4. Véierel konnten se nach eng kéier ophuelen mee de Retard war einfach ze grouss fir nach eng kéier geféierlech erun ze kommen.
Konter - Telstar Hesper 92:37
Géint Konter hat den Telstar Hesper no hirer héijer Néierlag an der Coupe op en Neits guer näischt entgéint ze setzen a verléiert soumat ganz héich mat 37:92.