Um Enn vun den 143,2km goung et d'Alto de El Morredero erop, eng gëfteg Montée vun der 1. Kategorie. Den Italiener ass dee jéngste Gewënner zanter 2019.

Mat 16 Sekonne Retard klasséiert sech den Englänner Thomas Pidcock als Zweeten. Uewenaus konnt hien den Australier Jai Hindley nach ëm zwou Sekonnen distanzéieren. De Jonas Vingegaard fiert zwou weider Sekonne méi spéit als Véierten iwwert de Stréch a bleift am Roude Maillot. Den Zweetplacéierten am General Joao Almeida verléiert zwou Sekonnen op den Dän a gëtt dee Fënneften. De Bob Jungels klasséiert sech als 45. mat engem Retard vu 15 Minutten an 41 Sekonnen.

Ronn 6 Kilometer viru Schluss hat den Almeida musse lassloossen. Bis dohi war hien zesumme mam Jonas Vingegaard an engem Spëtzegrupp vu 6 Leit ënnerwee gewiescht a Richtung Sommet. Mam Giulio Pellizzari konnt hie sech awer nach emol erukämpfen. Manner wéi 3 Kilometer méi spéit huet den Italiener sech dunn eleng ofgesat, a konnt séier eng Avance vu méi wéi 20 Sekonnen erausfueren. Déi 5 aner Coureuren aus dem Spëtzegrupp ware sech net eens, an esou konnt de Red Bull-Bora-hansgrohe-Profi sech um plakege Bierg als Vainqueur vun der 17. Etapp feiere loossen.

RTL

© Miguel RIOPA / AFP

Klassement vun der 17. Etapp

1 PELLIZZARI Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 3:37:00
2 PIDCOCK Thomas Q36.5 Pro Cycling Team 0:16
3 HINDLEY Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 0:18
4 VINGEGAARD Jonas Team Visma | Lease a Bike 0:20
5 ALMEIDA João UAE Team Emirates - XRG 0:22
6 RICCITELLO Matthew Israel - Premier Tech 0:26
7 GALL Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 0:53
8 TRÆEN Torstein Bahrain - Victorious 0:53
9 KUSS Sepp Team Visma | Lease a Bike 0:58
10 JORGENSON Matteo Team Visma | Lease a Bike 1:44
...
45 JUNGELS Bob Ineos Grenadiers 15:41

Generalklassement

1 Vingegaard Jonas  Team Visma | Lease a Bike
2 Almeida João UAE Team Emirates - XRG 0:45
3 Pidcock Thomas  Q36.5 Pro Cycling Team 2:28
4 Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 3:04
5 Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 3:51
6 Gall Felix Decathlon AG2R La Mondiale Team 4:57
7 Riccitello Matthew Israel - Premier Tech 4:59
8 Kuss Sepp Team Visma | Lease a Bike 6:24
9 Træen Torstein Bahrain - Victorious 7:06
10 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 10:16

...
44 Jungels Bob Ineos Grenadiers 1:48:14