An der Basketball-Europameeschterschaft stinn déi véier Halleffinaliste fest.

Mat enger staarker Ekippeleeschtung konnt sech d'Tierkei mat 91:77 géint Polen duerchsetzen. Siwe Spiller vun der Tierkei hunn zweestelleg gescort, den NBA-Star Alperen Sengun huet souguer en Triple-double opgeluecht, dat mat 19 Punkten, 12 Rebounds an 10 Assists.

Griichenland konnt sech op säi Superstar Giannis Antetokounmpo verloossen, deen d'Ekipp mat 29 Punkten zu enger 87:76 géint Litauen gefouert huet.

Um Mëttwoch huet sech Finnland kloer mat 93:79 géint Georgien duerchgesat a steet domat fir déi éischte Kéier an der Geschicht an der Halleffinall.

Däitschland wënnt en enke Match géint Slowenien, um Enn konnt sech de Favorit mat 99:91 behaapten. 39 Punkte vum Luka Dončić sinn dem Underdog Slowenien net duergaangen. Domat hunn de Franz Wagner, Dennis Schröder a Co. gutt Chancë fir sech nom Weltmeeschter- och den Europameeschtertitel ze sécheren.

D'Halleffinalle ginn um Freideg gespillt, d'Finall steet e Sonndeg um Programm, all Matcher ginn zu Riga (Lettland) gespillt.

Resultater aus der Véierelsfinall

Tierkei - Polen 91:77
Griichenland - Litauen 87:76
Finnland - Georgien 93:79
Däitschland - Slowenien 99:91

Halleffinallen (um Freideg)

Griichenland - Tierkei
Däitschland - Finnland