Baskets Nationalekipp an enger "Boule" zu Bratislava

D'Spiller vun de véier Länner, wéi och déi Offiziell vun de Federatiounen an der FIBA, sinn zu Bratislava quasi vum Rescht vun der Welt ofgeschott.
D'Lëtzebuerger Basket-Härennationalequipe spillt en Donneschdeg an der Pre-Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2023 géint Island. E Samschdeg heescht
Béid Partie ginn zu Bratislava gespillt an d'FLBB-Formatioun ass zanter Ugangs der Woch an enger sougenannter "Boule", den Nationaltrainer Ken Diederich.
"Wéi mir ukomm sinn, si mir direkt am Hotel getest ginn. Den Dag drop sinn mir och nach zwee Mol vun der FIBA getest ginn, also schonns 3 mol an der "Boule". Et sinn och just 4 Ekippen hei. All d'Spiller, d'Arbitteren an déi offiziell vun der FIBA. Et ass deemno nëmmen Basket, du kanns dech just dorop konzentréieren. Mir hu vill Training, mir hu Video-Seancen an och Eenzelgespréicher, et huet ee genuch Zäit fir alles virzebereeden. Traininger sinn gutt an och intensiv, well mir eréischt en Donneschdeg spillen."
Iwwregens waren d'Tester vun all de Lëtzebuerger bis ewell negativ.
D'Partie tëscht Lëtzebuerg an Island kënnt Dir en Donneschdeg de Mëtten um 16 Auer op RTL.lu am Livestream mat Lëtzebuerger Commentaire suivéieren.