
Esou huet d’Schwammen am Relais Mixed missten annuléiert ginn, an aus dem Triathlon gouf en Duathlon. D’Organisateure betounen awer, datt d’Seine d’nächst Joer fir d’Kompetitioune bereet wäert sinn.
Fir Lëtzebuerg war et schonn en Erfolleg, datt ee sech als kleng Natioun fir den Testevent konnt qualifizéieren. Allerdéngs gouf et e klenge Réckschlag, wat d’Qualifikatiounschancë fir d’Olympesch Spiller betrëfft.
D’Lëtzebuerger mat Payet, Daniels, Haller a Lehair goufen 19. vun 21 Ekippen. Am Géigesaz zu deenen zwou virleschte Kompetitiounen ass d’Jeanne Lehair als Schlussleeferin un den Depart gaangen. Den Ecart zu deenen anere Konkurrentinne war ze grouss, fir dass d’Europameeschterin nach eppes um Klassement konnt änneren. Genau sou wéi op der Weltmeeschterschaft am Sprinttriathlon zu Hamburg konnt dat däitscht Team gewannen, dat virun England an den iwwerraschend staarke belschen Noperen.