D'Highlighte vum Sportjoer 2023

D'Sport-Aktualitéit vum Joer 2023 am Réckbléck. Loosst all eenzele Mount nach eemol Revue passéieren.
Januar
No engem Joer un der Spëtzt vum Sportsministère huet de Georges Engel am Januar een éischte Bilan gezunn.
De Luc Holtz huet annoncéiert, datt hien net méi op den Oli Thill wëll zeréckgräifen a vill Duerchernee gouf et an der Halleffinall vun der Coupe am Basket tëscht Diddeleng an dem Gréngewald.
Februar
Do hunn och nees d'Diskussioune ronderëm d'Halleffinall an der Coupe des Dames am Basketball tëscht dem T71 Diddeleng an dem Gréngewald dominéiert. Op sportlechem Plang war et déi exzeptionell Leeschtung a Victoire vum Victor Bettendorf beim CSi-5-Stären-Tournoi am Sprangreiden zu Göteborg a Schweden.
Mäerz
Hei huet d'Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp d'EM-Qualifikatioun ugefaangen. Géigner waren d'Slowakei a Portugal. Am Basket stoungen d'Coupe-Finallen um Programm an am Bahrain war et den Optakt vun der Formel-1-Saison.
Abrëll
Am Abrëll hunn am Handball Diddeleng bei den Dammen an d'Red Boys bei den Hären d'Coupe gewonnen. De Chris Leesch kënnt bei de 24 Stonne vu Le Mans op déi 4. Plaz. Am Volleyball zitt d'Maryse Welsch no 8 Championstitelen ee Schlussstréch ënner d'Karriär an d'Handball-Nationalekipp verléiert géint Mazedonien.
Mee
Dee Mee ass traditionell dee Mount, wou eng ganz Rei Decisiounen ëm d'Championstitelen an den Ekippesportaarte falen. Dat war zum Beispill de Fall am Futtball. Hesper konnt do déi éischte Kéier d'Meeschterkroun opdoen. Da war et awer och nees de grousse Rendez-vous mam Nuetsmarathon an der Stad, an op Malta huet déi 19. Editioun vun de Spiller vun de klenge Länner ugefaangen.
Juni
Fir den Ofschloss vun der éischter Hallschent vum Joer geet et ëm de Mount Juni. Hei huet d'Futtball-Nationalekipp trotz Niewegeräischer a Bosnien gewonnen. Do virdrun ass Manchester City déi éischte Kéier Champions-League-Vainqueur ginn an op de Spiller vun de klenge Länner op Malta hunn d'Lëtzebuerger de Medailespigel dës Kéier net gewonnen.