De Charel Grethen ass seng lescht 1.500 Meter gelaf

© FLA
An der Nuecht op e Sonndeg ass dem Lëtzebuerger fir den Ofschloss vu senger Karriär de Sprong an déi nächst Ronn net gegléckt.
Op der Liichtathletik-Weltmeeschterschaft zu Tokio a Japan ass de Charles Grethen iwwer 1.500 Meter seng leschte Course gelaf. De Chrono ass bei 3 Minutten 41 Sekonnen an 18 Honnertstel stoe bliwwen. Den 33 Joer ale Mëttelstreckeleefer gouf den 12. an senger Serie, an koum domat net an déi nächst Ronn.
De Grethen, deen op den Olympesche Spiller 2021 zu Tokio bis an d’Final komm war, zitt elo e Schlussstréch ënnert seng international Karriär. Am Kader vum 25. Gebuertsdag vum CSL wäert de Lëtzebuerger Athlet no 27 Joer Liichtathletik Enn September seng allerlescht Course um héchsten Niveau an der Stad op der "Lëtz Mile" lafen.