Steesel konnt rezent de Championstitel am Basket feieren. Dobäi war mam Kim Aiken Jr. ee Spiller um Terrain, deem sexuell Iwwergrëff virgeworf ginn.

D'Freed bei de Spiller, de Responsabelen an de Supporter vun der Amicale Steesel war de 5. Mee grouss. Nodeems een an der Best-of-five-Serie ëm de Championstitel am Härebasket am véierte Match géint d'Etzella vun Ettelbréck déi drëtte Victoire feiere konnt, war den Titel sécher. Zum 68:65 huet den US-amerikanesche Profi Kim Aiken Jr. 20 Punkte bäigesteiert. Mëttlerweil ass hie rëm zréck an d'USA. Ob hien och d'nächst Saison nees fir d'Amicale spille wäert, ass nach net kloer. Wéi et vun de Responsabelen heescht, misst een nach kucken, wéi d'Ekipp fir déi nächst Saison zesummegestallt soll ginn. Ma de Kim Aiken Jr. kéint d'nächst Saison och verhënnert sinn, hien ass a senger Heemecht nämlech mat juristesche Problemer konfrontéiert. An New Mexico gëtt wéinst sexuellen Delikter géint hien ermëttelt.

D'Faite sollen op d'Joer 2022 zeréckgoen an tëscht August an Dezember geschitt sinn. An där Zäit war de Kim Aiken Jr. op der New Mexico State University an do och Deel vun der Basketekipp. Him gëtt virgehäit, zesumme mat sengen zwee Teamkolleegen DeShawndre Washington an Doctor Bradley aner Spiller sexuell erniddregt hunn. Dat andeems dës gezwonge goufen, hir Box auszedoen a virum Team plakeg Übungen ze maachen. Déi dräi Beschëllegt sollen hir Affer dobäi och am Intimberäich ugepaakt hunn. An enger interner Enquête vun der Universitéit goufe si fir schëlleg befonnt, géint d'Schoul-Reglement verstouss ze hunn. Konkret goufen hinne sexuell Belästegung, sexuell Iwwergrëff an d'Kreéiere vun engem feindséilegen Environnement zur Laascht geluecht. Doropshi goufe si aus dem Basketsprogramm vun der Universitéit geworf. Nieft der Uni huet och de Parquet vun New Mexico eng Enquête lancéiert.

Kim Aiken Jr. plädéiert an 11 Fäll op net schëlleg

Op Nofro bei den US-amerikanesche Justizautoritéiten heescht et, datt dem 24 Joer ale Kim Aiken Jr. a fënnef Fäll "False Imprisonment", op Däitsch Freiheitsberaubung, virgehäit gëtt. A véier weidere Fäll "Criminal Sexual Contact in the Fourth Degree (Aided or Abetted by Another)", dat kann heeschen, datt dee Beschëllegten een Affer mat Gewalt zum Geschlechtsverkéier gezwongen huet, dee Beschëllegte wosst, datt d'Affer physesch oder mental beanträchtegt ass oder d'Affer tëscht 14 a 16 Joer al ass. Dobäi kommen ee Fall vu "Criminal Sexual Penetration in the Second Degree (Aided or Abetted by another)", dorënner fält ënnert anerem, datt een zu e puer Persoune Gewalt ugewannt huet, an ee Fall vu "False Imprisonment - conspiracy". Ufank dës Joers war de Kim Aiken Jr. kuerz an d'USA gereest an huet virun engem Geriicht zu Las Cruces am New Mexico op net schëlleg plädéiert. Dat haten déi zwee Matbeschëllegt schonn eng Zäit virdru gemaach. De Prozess soll den 21.  Oktober dëst Joer ufänken. Am Fall vun enger Verurteelung kéinten deenen dräi méi wéi 20 Joer Prisong dreeën. De Fall ass an de lokale Medien an New Mexico op ee breeden Echo gestouss. Och presuméiert Affer hu sech ëffentlech zu Wuert gemellt.

Wat d'Amicale Steesel ugeet, esou hunn déi Responsabel vum Veräin op RTL-Nofro hin erkläert, datt si vun Ufank un vun de Reprochë géint de Kim Aiken Jr. wossten. Et hätt een esouwuel mat sengem fréiere College-Trainer wéi och mam Spiller selwer geschwat. Duerch déi Gespréicher wier een iwwerzeegt gewiescht, datt een him ee Kontrakt gi kéint. Déi Responsabel vum Club verweisen dann och nach drop, datt de Criminal record, dee vum FBI ausgestallt gouf, "clean" war. Et géing een och dervun ausgoen, datt de Kim Aiken Jr. net méi einfach sou op Lëtzebuerg hätt dierfen zeréckkommen, wann déi US-amerikanesch Justizautoritéiten dervun ausgoe géingen, datt eng akut Gefor vun him ausgeet. Hei zu Lëtzebuerg hätt hie sech op alle Fall ëmmer korrekt beholl a wier als "feine Kärel" eriwwerkomm. Déi aner Spiller wieren och au courant gewiescht, et hätt een dat awer doriwwer eraus net grouss am Veräin thematiséiert.

Mir hunn och probéiert, de Spiller selwer ze erreechen. Mee eng Ufro u seng Affekotin an den USA blouf ouni Äntwert.