Almeida klappt Vingegaard op der Kinneksetapp

© Miguel RIOPA / AFP
Et goung iwwer 2 Colle vun der éischter Kategorie an een Hors Catégorie. De Bob Jungels war bis 5 km viru Schluss mat virbäi. De Vingegaard bleift a Rout.
Wéi de Lëtzebuerger huet musse lassloossen, ass et kuerz drop erausgelaf op en Duell ëm d'Etappevictoire tëscht dem Jonas Vingegaard an dem Joao Almeida. Um Fouss vum berüchtegten Angliru war d'Echappée vu Coureuren, déi dee Moment a Féierung louch, vu Manifestanten opgehale ginn.
L'Alto de l'Angrilu gehéiert weltwäit zu de fënnef schwieregste Montéeë fir Proficyclisten. Plazeweis geet et mat 23 Prozent Steigung erop. Um Enn kann de Portugis sech géint den Dän duerchsetzen a confirméiert seng zweete Plaz am Generalklassement. Op Plaz 3 fiert den Australier Jai Hindley iwwer d'Arrivée. Mat 7 Minutten a 7 Sekonne Retard klasséiert de Bob Jungels sech op Plaz 21. Fir seng Efforte krut hien um Enn de Maillot du plus combatif. Am General klëmmt hien ëm 15 Plazen op déi 49. Plaz.
Resultat vun der 13. Etapp:
1 - Almeida João 4:54:15
2 - Vingegaard Jonas + 0:00
3 - Hindley Jai + 0:28
4 - Kuss Sepp + 0:30
5 - Gall Felix + 0:52
6 - Pellizzari Giulio + 1:11
7 - Pidcock Thomas + 1:16
8 - Riccitello Matthew + 1:16
9 - Ciccone Giulio + 2:15
10 - Balderstone Abel + 3:06
...
21 - Jungels Bob + 7:07
Generalklassement:
1 - Vingegaard Jonas 49:30:54
2 - Almeida João + 0:46
3 - Pidcock Thomas + 2:18
4 - Hindley Jai + 3:00
5 - Gall Felix + 3:15
6 - Pellizzari Giulio + 4:01
7 - Riccitello Matthew + 4:33
8 - Ciccone Giulio + 4:54
9 - Træen Torstein + 5:21
10 - Kuss Sepp + 5:26
...
49 - Jungels Bob + 1:10:45