Romain Grégoire gewënnt, Mats Wenzel elo op Plaz 4 am General

Mats Wenzel / © GONGORA NurPhotoNurPhoto via AFP
Iwwer 186,9 Kilometer goung et vun Atherstone op Burton Dassett. Um Enn gouf et eng franséisch Duebelvictoire.
No enger leschter gëfteger Montée konnt sech de Romain Grégoire am Sprint géint säi Landsmann Julian Alaphilippe duerchsetzen. Den eenzege Lëtzebuerger um Depart Mats Wenzel koum mat zwou Sekonne Retard am éischte Verfolgergrupp op Plaz 17 un.
Et bleiwen nach zwou Etappen ze fueren, éiert den Tour of Britain e Sonndeg zu Cardiff a Wales op en Enn wäert goen.
Resultat vun der 4. Etapp:
1 - Grégoire Romain 4:06:18
2. Alaphilippe Julian + 0:00
3. Zambanini Edoardo + 0:02
4. Paret-Peintre Aurélien + 0:02
5. Maris Elias + 0:02
...
17. Mats Wenzel + 0:02
Generalklassement:
1. GRÉGOIRE Romain 13:55:08
2. BRENNAN Matthew + 0:02
3. ALAPHILIPPE Julian +0:02
4. WENZEL Mats +0:06
5. WATSON Samuel +0:08