Italien ka sech kloer mat 5:0 géint Estland duerchsetzen

© Photo by FRANCK FIFE / AFP
Italien wënnt 5:0 géint Estland, Frankräich ka sech knapp géint d'Ukrain behaapten.
Relativ fréi konnt Frankräich am Match géint d'Ukrain e Freideg den Owend a Féierung goen, dat schonn an der 10. Spillminutt. Hei war et den Michael Olise dee fir den 1:0 fir Frankräich gesuergt huet. No der Halbzeit war et dann de Kylian Mbapp, de fir den 2:0 fir Frankräich gesuergt huet.
Däitlech méi kloer war dann d'Partie Italien géint Estland. An der éischter Hallschent vum Match konnten d'Esten nach dogéinthalen an hu kee Géigegol zougelooss. Ma no der Halbzeit ass den éischte Gol fir Italien an der 58. Minutt vum Moise Kean gefall. An der 69. Minutt dann den 2:0 fir Italien, dat duerch e Gol vum Mateo Retegui. Zwou Minutten drop an der 71.war et den Giacomo Raspadori, dee fir den 3:0 gesuergt huet. An der 89. Minutt du war et nach eemol de Mateo Retegui, deen de 4:0 markéiert huet, de 5:0 Endscore verdankt d'Ekipp dem Alessandro Bastoni.
Eng relativ schwaach Leeschtung säitens Kroatien gouf et dann am Match géint d'Färöer-Inselen. Och wann de klore Favorit Kroatien kann d'Partie fir sech gewannen, huet d'Ekipp relativ laang missten op den éischten an eenzege Goal waarden. An der 31. Minutt huet den Andrej Kramaric den 1:0 fir seng Ekipp geschoss. Bei deem Score ass et och bis zum Schluss bliwwen.