Sébastien Thill fir Lännermatch géint d'Slowakei nonominéiert

© Val Wagner (Archivbild)
Wéi d'FLF e Freideg an engem Communiqué matgedeelt huet, wäert de Sébastien fir d'WM-Qualifikatiounspartie e Sonndeg am Kader stoen.
Wéi am Schreiwes vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun preziséiert gëtt, wier d'Decisioun getraff ginn, well de Christopher Martins weiderhi blesséiert ausfält a well de Seid Korac no senger rouder Kaart am Match géint Nordirland jo gespaart ass. De Sébstien Thill spillt zanter September 2023 bei Stal Rzeszow a Polen.
Beim Debut vum Jeff Strasser als neie Futtballnationaltrainer gouf et en Donneschdeg fir d'Rout Léiwen eng 1:3-Defaite géint d'Nordire beim Optakt vun hirer WM-Qualifikatiounscampagne. E Sonndeg geet et da géint d'Slowakei, déi sech mat 2:0 géint Däitschland duerchsetze konnt.
D'Partie kënnt Dir e Sonndegowend um 20.45 Auer Live op RTL Tëlee Lëtzebuerg, op RTL Zwee an online op RTL Play an RTL.lu suivéieren.