Sportmusée a Sportarena kënnen net do gebaut ginn, wou se geplangt waren

© Screenshot vum Site perspectiv.lu
Et schéngt sech ze confirméieren, datt den initiale Projet zu Esch-Lankelz wuel net ka realiséiert ginn.
D‘Gebailechkeete goufen an enger Zon geplangt, an där net däerf gebaut ginn. Och d‘Sportarena ass impaktéiert, esou den CSV-Sportminister Georges Mischo. Wéi et viru geet, ass ongewëss.
Et ass roueg an der Entrée vun Esch, um Terrain vun engem fréieren Autosgarage, obwuel éischt Baugeneemegunge virleien. Eigentlech soll zu Lankelz e ganze Quartier mat Wunnraum, Büroen an eben de genannte Sport-Installatioune entstoen, op 68.000 Quadratmeter. De Prestige-Projet lauschtert op den Numm Perspektiv a wier eng "Pièce maîtresse" a punkto urban Erneierung, heescht et um entspriechende Internetsite.
Allerdéngs ass am Laf vum Joer 2022 opgefall, datt d‘Perspektiven, fir den initiale Projet ze realiséieren, mëttelméisseg sinn, well et e Problem mat enger Zone non aedificandi gëtt, an där also net däerf gebaut ginn. An dat misst respektéiert ginn, äntwert de Sportminister Georges Mischo der LSAP-Deputéiert an Escher Conseillère Liz Braz, déi via parlamentaresch Fro Detailer wollt wëssen.
Betraff ass eben deen Deel nieft der Autobunn, wou de Sportmusée an d‘Sportarena sollten entstoen.
Hat de Minister am Februar nach wësse gedoen, datt de Projet net a Fro gestallt wier, sou kléngt dat elo anescht. De Georges Mischo suggeréiert, datt um Territoire vun der Gemeng Esch no alternative Sitte kéint gesicht ginn, fir d‘Konventioun tëscht dem Staat an der Gemeng aus dem Joer 2021 ze respektéieren. Aktuell géing et awer nach kee gefestegte Projet op engem anere Site ginn.
Op d‘Fro, firwat et net gewosst war, datt et e Problem mat der net bebaubarer Zon gëtt, verweist den haitege Minister a fréieren Escher Buergermeeschter Georges Mischo drop, datt et seng Virgängerin Vera Spautz vun der LSAP gewiescht wär, déi 2017 déi éischt Konventioun mat enger privater Firma ënnerschriwwen hat, fir de genannte Site ze valoriséieren.
Ob den Terrain net an eng bebaubar Zon kéint ëmklasséiert ginn, do gëtt een an der Äntwert op d‘Question parlementaire näischt driwwer gewuer.