Nom Weltmeeschtertitel huet sech Däitschland e Sonndeg den Owend och den Europameeschtertitel geséchert.

Um Sonndeg konnt sech den aktuelle Weltmeeschter an der Finall zu Riga a Lettland mat 88:83 géint d'Tierkei duerchsetzen. An enger intensiver Partie ass d'Entscheedung eréischt an der Schlussphas gefall. Den Dennis Schröder huet zum Schluss wichteg Punkte markéiert a seng Ekipp zur Victoire gedroen, hie koum op 16 Punkten an 12 Assists an dëser Finall. Topscorer beim Europameeschter war den Isaac Bonga mat 20 Punkten, 18 Punkten konnt de Franz Wagner bäisteieren.

Plaz dräi fir Griichenland 

D'Bronzemedail bei der Europameeschterschaft geet u Griichenland. D'Ekipp ronderëm de Superstar Giannis Antetokounmpo (30 Punkten, 17 Rebounds) huet sech um Sonndeg mat 92:89 géint d'Iwwerraschungsekipp Finnland duerchgesat. Dobäi konnten d'Finnen de Match am leschte Véierel bal nach dréinen. Den Antetokounmpo huet nom Match d'Victoire als "wuel dee gréissten Erfolleg a mengem Liewen als Athleet" beschriwwen.