Dräi Punkte fir F91, Déifferdeng an Hesper, Biissen iwwerrennt Rouspert
Diddeleng huet géint deziméiert Rodanger mat engem 3:0 net vill ubrenne gelooss an dem Champion Déifferdeng ass a leschter Minutt nach d'Victoire gelongen.
E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat d'Suite vum 6. Spilldag, nodeems sech e Samschdeg fir den Optakt Käerjeng a Stroossen duerchsetze konnten.
Den F91 Diddeleng verdeedegt seng Plaz un der Tabellespëtzt mat engem kloren 3:0-Succès doheem géint Rodange. Laang war d'Partie zu Diddeleng serréiert, éier et d'Gäscht nach virun der Paus kal erwëscht huet. Zwee Goler bannent zwou Minutten duerch de Gomes Soares an den Azevdeo Magalhaes hunn den F91 mat enger 2:0-Féierung an d'Paus geschéckt. Nom Säitewiessel huet een da fréi gemierkt, dass d'Haushären de Sak séier zoumaache wollten. Si hunn op ee weidere Gol gedréckt, deen dann am Numm vum Azevedo Magalhaes op en Neits gelénge sollt. No zwou giel-roude Kaarte fir Rodange war an der Schlussphas dann näischt méi ze huelen an Diddeleng bleift domadder Tabelleleader.
Dann huet de Champion Déifferdeng sech duerch ee spéide Gol mat 1:0 zu Hueschtert behaapt an domadder och dee véierte Match dës Saison gewonnen. Déi 450 Spectateuren haten eng intensiv éischt Hallschent ze gesi krut, bei där et awer u villem fir e gudde Futtballmatch gefeelt huet. Virun allem viru béide Goler war net all ze vill lass. Deen Androck sollt sech dann och am zweeten Duerchgang confirméieren. Och wann déi Déifferdenger ëmmer nees probéiert hunn, d'Initiativ ze ergräifen, war géint eng kompakt Ekipp vun Hueschtert net vill ze maachen. Den decisive Gol sollt dann awer nach mat der leschter Aktioun vum Match falen. De Samir Hadji konnt eng Flank vum Lempereur mam Kappball verwäerten an dem FCD03 déi dräi Punkte sécheren.
Fir eng Iwwerraschung huet dann den Opsteiger Biissen gesuergt, deen d'Rousperter doheem mat 5:0 iwwerrannt huet. Fir de Racing gouf et dann eng 0:2-Defaite géint Munneref, fir Hesper en 2:1-Succès zu Mamer a Kanech huet sech mat 1:0 géint d'Jeunesse duerchgesat.
Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater