E Sonndeg war déi lescht Etapp vun der Vuelta mat der Arrivée zu Madrid geplangt. Bis dohi sollten d'Coureuren awer net méi kommen.

Schonn an deene leschte Woche war et op der Vuelta d'Espagna ëmmer nees zu pro-palästinensesche Protestaktioune komm, bei deenen d'Arrivée e puer Kilometer no vir verluecht gi war.

Och op der leschter Etapp ass et e Sonndeg op en Neits zu grousse pro-palästinensesche Protester komm, wouduerch d'Course dës Kéier scho 56 Kilometer virun der Arrivée ofgebrach gouf. Zu Madrid haten dausende vun Demonstrante sech op verschiddene Punkte vum Circuit néiergelooss, sou datt eng Course duerch déi spuenesch Haaptstad net méi méiglech war. Ënner anerem goufe Parolle wéi "Palästina wënnt d'Vuelta" geruff, nodeems déi Responsabel de fréizäitegen Enn vum Tour bekannt ginn haten.

Ouni Etappeklassement an och ouni Dagesvainqueur ass d'Vuelta domat op en Enn gaangen.

D'Schlussklassement ass um Enn fir de Jonas Vingegaard, deen en Ecart am General vun 1:16 Minutt op de Joao Almeida an 3:11 Minutten op den Thomas Pidcock huet. Fir den Dän ass och d'Schlusszeremonie "aus Sécherheetsgrënn" an d'Waasser gefall, heescht et vun den Organisateuren.

De Bob Jungels kënnt um Enn op déi 44. Plaz, dat mat engem Réckstand vun 2:04:14 Stonnen.

Schlussklassement

1 VINGEGAARD Jonas 72:53:57
2 ALMEIDA Joao 1:16
3 PIDCOK Thomas 3:11
4 HINDLEY Jai 3:41
5 RICCITELLO Matthew 5:55
6 PELLIZZARI Giulio 7:23
7 KUSS Sepp 7:45
8 GALL Felix 7:50
9 TRAEEN Torstein 9:48
10 JORGENSON MAtteo 12:16

44 JUNGELS Bob 2:04:14