Virun der imposanter Kuliss vum Schlass vu Versailles hat den Nicolas Wagner e Mëttwoch säin Asaz an der Dressur.

Fir déi zweete Kéier hannerteneen, konnt sech den Nicolas Wagner fir d'Olympesch Spiller qualifizéieren. Hien huet eng ganz gutt Leeschtung gewisen a kënnt op 71.988 Prozentpunkten.

A senger Grupp kënnt hien um Enn op déi 4. Plaz ënner 10 Reider. Déi éischt Plaz war fir d'Jessica von Bredow-Werndl aus Däitschland um TSF Dalera mat 82.065 Prozentpunkten. D'Pauline Basquin aus Frankräich um Sertorius de Rimaz (73.711 Prozentpunkten) kënnt op déi 2. Plaz. An all Grupp hu sech just déi zwee éischt, plus 6 Reider, déi déi meeschte Prozenter haten, fir d'Kür qualifizéiert. 
 
Am General ass den Nicolas Wagner de gudde 24. ënner 60 Reider ginn. Bis elo ass hien den eenzege Lëtzebuerger Dressurreider, dee bei Olympia dobäi war. Och selwer ass hien immens zefridde mat senger Leeschtung a mat där vu sengem Päerd, wéi hien am RTL-Interview betount:

"Ech sinn immens zefridden, mäi Päerd war richteg bei mer an där Atmosphär, - dat ass jo heiansdo e bëssen e Probleem bei him - ech denke mir hunn d'Lëtzebuerger Land richteg gutt vertrueden. Ech si richteg stolz op mäi Päerd."

Stolz virun allem well de Quater Back Junior d'lescht Joer wärend 6 Méint verletzt war an trotzdeem elo fir d'Olympesch Spiller nees toppfit ass: "Ech sinn dofir extreem stolz, dass mer haut hei sinn. A jo mäi Päerd ass um Top erëm. Wann elo nach eng aner Verletzung kënnt, weess ee jo ni. Och bei eis Mënsche ka jo iergendeppes geschéien, mä mir sinn op engem Topwee."

Och de Paul Engel vun der Lëtzebuerger Reitsport-Federatioun huet sech ganz zefridde gewise mam Nicolas Wagner senger Leeschtung:

"Ech mengen en huet eng super Leeschtung haut bruecht, eng ganz propper, iwwerleeë Ronn. Mir sinn och ganz zefridden, dass d'Päerd mat där Atmosphär kloer komm ass. Datt ass heiansdo e klenge Probleem bei deem Päerd, mee haut hu se dat bravouréis gemeeschtert."

"Haut hu se dat bravouréis gemeeschtert"
De Paul Engel vun der Lëtzebuerger Reitsport-Federatioun iwwert dem Nicolas Wagner seng Leeschtung

Op den Olympesche Spiller zu Tokio koum den Nicolas Wagner och mam Quater Back Junior op déi 25. Plaz. Deemools huet hie 70,512 Prozentpunkte realiséiert.

E puer Deeg virun den Olympesche Spiller zu Paräis huet déi 3-fach Olympia-Goldmedail-Gewënnerin am Dressurreiden, Charlotte Dujardin, op ee Start verzicht. De Grond war deen, datt ee 4 Joer ale Video opgetaucht war, andeem ze gesi war, datt d'Brittin méi wéi 24 Mol bannent enger Minutt, wärend engem Training, op ee Päerd ageschloen hat. D'Dujardin gouf bis op Weideres vum Internationale Reitsportverband, FEI, gespaart. Am Ganzen huet d‘Charlotte Dujardin bei Olympesche Spiller 6 Medaile gewonnen. Mat enger weiderer Medail hätt déi 39 Joer al Reiderin, de brittesche Rekord fir sech eleng gehat. Dee muss si sech mat der Cyclistin Laura Kenny deelen, déi och 6 Medaile bei Olympesche Spiller konnt gewannen.

De Replay vum Reportage aus dem Journal des Jeux