A Rekordzäit leeft sech de Ruben Querinjean no uewen
De Lëtzebuerger Liichtathleet trëtt e Méindeg um 14.55 Auer an der WM-Finall iwwer 3.000m Steeple un.
Den 23 Joer ale Ruben Querinjean iwwerrascht ëmmer nees. Souguer säin Trainer Thomas Vandormael, obwuel deen de jonke Sportler zanter klengem un trainéiert an a gudden an a schlechten Zäite kennt. Fir d’éischt huet de schlaaksegen, 1,93 Meter grousse Leefer Enn 2021 eng iwwerraschend Bronzmedail bei der U23-Crossmeeschterschaft gewonnen. 2022 an 2023 gouf hien zwar ëmmer nees vu Verletzunge gebremst, ma d’FLA huet weider un dem Ruben Querinjean säi Potential gegleeft an deen u säin Dram. No enger haarder Virbereedung an der Héicht vu Font Romeu an enger aussergewéinlecher Steigerung huet hie sech als 13. a leschte Sportler fir d’Spiller vu Paräis 2024 qualifizéiert. Wat den Thomas Vandormael nach 3 Méint virdru fir komplett onméiglech gehalen huet.
D’13 ass och dës Saison eng spannend Zuel fir de jonke Sportler. Nees huet de Ruben Querinjean laang Wochen an der Héicht vun de franséische Pyrenäe fir seng gutt Leeschtunge geschafft. Nodeems hie sech am Juli souverän a mat neiem Rekord Gold bei der Universiad iwwert 3.000 Meter Steeple geséchert huet, hu mir de jonke Sportler bei senger Virbereedung op seng zwee lescht Héichpunkte vun der Saison besicht. Wéi schonns bal üblech bei de grousse Rendez-vousen huet de Jong vu Malmédy bei senger Première an der Diamond League méi wéi iwwerzeegt an an der 13.-beschter Zäit vun der Saison direkt gewonnen.
E Samschdeg huet de sympathesche Leefer als éischte Starter vun engem Lëtzebuerger Quartett bei der Liichtathletik-WM zu Tokio och d'Haaptzil vun der Saison erreecht a sech fir d'Finall iwwer 3.000 Meter Steeple qualifizéiert. Als Véierte vu senger Serie start hien e Méindeg um 14.55 Auer an der Finall bei senger éischter WM. A sengem ausféierlechen Interview verréit hie seng héich Ziler fir d'WM 2027 an d'Spiller 2028 zu Los Angeles. Ma vläicht iwwerrascht de Ruben Querinjean schonns dëse Méindeg souguer sech selwer.