En Donneschdeg war mam Pit Klein am Bouschéissen ee Lëtzebuerger bei den Olympesche Spiller zu Paräis am Asaz.

De Lëtzebuerger Bouschéisser Pit Klein ass an den 1/32-Finallen eliminéiert ginn. Hien huet sech misse mat 4:6 géint de Kolumbianer Santiago Arcila geschloe ginn.

De Pit Klein war direkt richteg gutt an den Duell gestart, dat mam Maximum vun 30 Punkten. Den zweete Saz ass mat engem Remis op en Enn gaangen. De Saz drop hat nees richteg gutt ugefaangen. No zwee Mol 10 Punkten ass den drëtte Feil dem Lëtzebuerger awer mëssgléckt an en ass just an der dräi gelant. Domadder war de Saz fort an et stoung 3:3. De véierte Saz huet de Kolumbianer mat 29:27 entscheet an ass mat 5:3 a Féierung gaangen. D'Decisioun ass dunn am fënnefte Saz gefall an do gouf et nach emol e Remis (28:28), sou datt d'Victoire mat 6:4 un de Kolumbianer gaangen ass.

"Ech hunn ee Feeler gemaach op 15 Feiler, dat ka passéieren"

No der Competitioun huet sech de Pit Klein am RTL-Interview zefridde mat senger Leeschtung gewisen. Op 15 Feiler ee Feeler ze maachen, dat kéint passéieren. "An enger Quali hätt ech dee Feil net geschoss. Hei hat ech kee Choix", sou de Pit Klein am RTL-Interview. De Lëtzebuerger wëllt och net un deem Feil seng Néierlag ausmaachen, d'Resultat hätt och kënnen dat nämmlecht sinn, wann en dee Feil besser getraff hätt, well si zwee staark geschoss hätten an no beienee gewiescht wieren.

"Ech hat definitiv Spaass"

Gefreet huet sech de Pit Klein iwwer déi gutt Stëmmung vun der Lëtzebuerger Delegatioun an hir Ënnerstëtzung wärend dem Duell. Déi gutt Stëmmung, wann een Zéngter géing geschoss ginn, géing de Bols an d'Luucht puschen. Do wier et net esou einfach, fir d'Rou ze halen, ma um Enn kéint hie ganz positiv Zich aus dësen Olympesche Spiller zéien.

De Pit Klein hat am Virfeld gesot, datt hie wéilt Spaass bei den Olympesche Spiller hunn an dat hätt hie gehat. Op där Bün ze stoen a bei deem Stress an Drock, deen een an esou engem Duell hätt, nach ee Laachen am Gesiicht ze hunn an awer Freed um Sport ze hunn, wier dat wichtegst, well am Endeffekt géing jiddereen et maachen, well een et géing gäre maachen, sou nach de Bouschéisser.

Fir de Pit Klein sinn d'Olympesch Spiller elo eriwwer. Hie wëllt déi nächst Deeg dovunner profitéieren, fir déi aner Lëtzebuerger bei hirer Competitiounen esou vill wéi méiglech ze ënnerstëtzen.