Déi bescht Biller vum Team Lëtzebuerg op den Olympesche Spiller zu Paräis
E Sonndeg den Owend ginn d'Olympesch Spiller zu Paräis op en Enn.
13 Lëtzebuerger Athleeten an Athleetinne waren déi lescht zwou Wochen op den Olympesche Spiller zu Paräis am Asaz.
Et waren Olympesch Spiller mat ville Gefiller fir d'Team Lëtzebuerg. Nieft grousser Freed wéi zum Beispill beim Patrizia van der Weken oder dem Ni Xia Lian goufen et awer och Tréine beim Jeanne Lehair sengem Out am Triathlon, a mam Bob Bertemes huet de Sportler vum Joer 2019 säi leschte groussen Optrëtt gehat.
Och eng Ekipp vun RTL huet an der franséischer Haaptstad déi lescht déck zwou Wochen Dag fir Dag déi sportlech Aktualitéit, virun allem aus Lëtzebuerger Siicht suivéiert.
Déi bescht Momenter vun de Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen a Fotoen
LINK: Klickt Iech duerch d'Fotogalerië vun den Olympesche Spiller