De Lëtzebuerger huet et zu Paräis am Bommstoussen ënnert déi dräi éischt Sportler gepackt.

Zu Rio 2016 war den Tom Habscheid de 7. ginn. Zu Tokio war et déi ondankbar 4. Plaz. Am drëtte Versuch huet et op de Paralympesche Spiller zu Paräis mat der Medail geklappt.

D'Freed beim Tom Habscheid war no der Competitioun enorm. Him géingen d'Wierder feelen, fir dat ze beschreiwen, wat hien e Samschdeg den Owend erlieft hätt. "Ech wëll just alleguerten deene Merci soen, déi mech ënnerstëtzt hunn an dat méiglech gemaach hunn".

De Stadion an d'Leit wieren enorm gewiescht, et hätt alles gepasst souwéi et sollt sinn, "on point virbereet, déi bescht Spiller ever fir mech".

Am zweeten an um Enn och beschte Versuch hat de Lëtzebuerger d'Bomm op 14,97 Meter gestouss, dat war neie Paralympesche Rekord an nëmmen 13 Zentimeter vu sengem Weltrekord fort. Domadder huet hie sech déi drëtt Plaz geséchert. Et wier souguer nach Sëlwer dragewiescht, ma "et ass eigentlech, et ass egal, ech sinn ënnert déi dräi Bescht komm a menger Kategorie vun der Welt. Ech hu sechs Méint alles ginn".

Trotz sengem staarken zweete Versuch konnt sech de Lëtzebuerger bis zum Schluss senger Medail net ganz sécher sinn. Am leschten Duerchgang hätt hien de Véiertplacéierten dann och genee am Bléck gehat. Wéi e bis gesinn hätt, datt d'Bomm vum Konkurrent net wäit genuch geflu war, koum d'Erléisung. "Do war et einfach geschitt. [...] Ech hunn eng Medail krut. Et ass e Championnat. Bei engem Championnat geet et ëm d'Medailen. Fäerdeg. Aus. Ech sinn zefridde mat mir. Ech ka mäi Kapp elo a Rou leeën. Ech si frou."

Den Tom Habscheid huet seng Medail vun der Grande-Duchesse Maria Teresa iwwerreecht kritt, och dat wier fir de Sportler e ganz besonnesche Moment gewiescht.

No u 15 Meter erukomm, Saisonbeschtleeschtung, Paralympesche Rekord an d'Bronzemedail: "Dat ass richteg gutt", et wier dat wat ee sech virun de Paralympics erhofft hätt, sou den Trainer vum Tom Habscheid, de Mike Kiefer.

Den Interview mam Mike Kiefer
Den Trainer vum Tom Habscheid.
De Resumé vum Bommstousse mam Tom Habscheid
An der Finall huet de Lëtzebuerger d'Bomm op 14,97 Meter gestouss a sech déi 3. Plaz geséchert. Gold goung un de Faisal Sorour aus Kuwait.

D'Ofschlossfeier vun de Paralympics zu Paräis kënnt Dir vun 20.30 Auer un am Livestream op RTL.lu kucken.

Weider Andréck vun de Paralympics