Vum 17. bis den 20. Oktober ass an der Coque déi drëtt Editioun vun de Luxembourg Tennis Masters. Sidd live mat dobäi.

Och dëst Joer ass d'Lëscht vun de fréieren Toppspillerinnen, déi op de Kierchbierg kommen, gutt gefëllt.

Ugefaange mat zwou fréieren Nummer Eente vun der Weltranglëscht. D’Serbin Ana Ivanovic an d’Martina Hingis si scho fir déi 2. Kéier bei de Ladies Masters dobäi.

Awer och bekannten Nimm wéi d'Dominika Cibulkova oder d'Flavia Pennetta sinn derbäi. Déi däitsch Andrea Petkovic an d’Kirsten Flipkens aus der Belsch zéie sécherlech och Supporter aus dem noen Ausland an d'Coque.
D'Magdalena Rybarikova and d'Laura Robson komplettéieren de staarken Tableau.

Beäntwert eise Quiz a gewannt mat e bësse Chance eng Koppel Entréestickete fir sämtlech Partië vun der Véierelsfinall un.

Gewënnspill