D'Lëtzebuerger Basket-Dammen hunn e Sonndeg de véierte Match vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025 gespillt.

Resumé Lëtzebuerg - Schwäiz / Reportage Jeff Kettenmeyer

An der Arena vun der Coque um Kierchbierg huet d'Selektioun vun der FLBB virun 1.300 Zuschauer géint d'Schwäiz en enke Match verluer, um Enn stoung et 44:59. No der sensationeller 71:49 Victoire géint Montenegro um Donneschdeg ass d'Defaite zwar enttäuschend, mee Lëtzebuerg huet ëmmer nach gutt Chancë fir sech am Februar fir d'Europameeschterschaft 2025 ze qualifizéieren.

De Match am Replay
Mat 44:59 huet Lëtzebuerg den éischte Match an dëser Campagne verluer.

Am Grupp H huet Lëtzebuerg no 4 Matcher 3 Victoiren an eng Defaite um Kont. D'Ehis Etute huet de Match an den éischte Minutten u sech gerappt an dofir gesuergt dass Lëtzebuerg 8:3 a Féierung gaangen ass. Duerno ass d'Lokalekipp allerdéngs an e Lach gefall. Zur Paus louch d'Formatioun vum Trainer Mariusz Dziudzia 21:31 hannen an hat nach keen Dräier getraff (0/7 Versich).

Am drëtte Véierel huet Lëtzebuerg sech zeréck gekämpft. Punkt fir Punkt konnten d'Rout Léiwinnen de Réckstand verkierzen an och d'Féierung iwwerhuelen. E Schockmoment gouf et kuerz virum Enn vum drëtte Véierel wéi d'Ehis Etute verletzungsbedéngt huet misse vum Terrain, déi jonk Spillerin konnt am véierte Véierel net méi agesat ginn.

An enger enker Schlussphas hat Lëtzebuerg - wéi schonn de ganze Match iwwer - net déi néideg Reussite fir dëse Match ze gewannen. Nëmmen 1 Worf vun der Dräipunktelinn bei 19 Versich huet de Wee an de Kuerf fonnt an d'Gäscht konnte sech hir zweete Victoire am Grupp H sécheren. Donieft huet d'Schwäiz och den direkte Vergläich géint Lëtzebuerg an der Täsch. D'Amanda Cahill hat déi meeschte Punkte fir Lëtzebuerg markéiert mat 15 Punkten, d'Ehis Etute koum op 14 Punkten a 14 Rebounds.

Am Februar 2025 wäert Lëtzebuerg auswäerts géint Bosnien-Herzegowina a géint Montenegro untrieden.

Insgesamt trieden an dëser Qualifikatioun 8 Gruppen un, déi 8 Gruppenéischt an déi 4 stäerkste Gruppenzweet qualifizéiere sech fir d'Europameeschterschaft 2025 déi an Italien, Däitschland, Griichenland an Tschechien ausgedroe gëtt.

All Resultater a Matcher vun der Lëtzebuerger Ekipp:

Schwäiz - Lëtzebuerg 48:56
Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina 77:64
Lëtzebuerg - Montenegro 71:49
Lëtzebuerg - Schwäiz 44:59
6. Februar 2025: Bosnien Herzegowina - Lëtzebuerg
9. Februar 2025: Montenegro - Lëtzebuerg

Tabell am Grupp H

1. Lëtzebuerg (4 Matcher / 7 Punkten)
2. Montenegro (4 / 7)
3. Schwäiz (4 / 6)
4. Bosnien-Herzegowina (4/4)