E Mëttwoch den Owend hat d'Lëtzebuerger Sportspress nees d'Awards Night organiséiert, bei där déi bescht Lëtzebuerger Sportler ausgezeechent ginn.

D'Patrizia van der Weken (Liichtathletik) konnt sech wéi schonns 2023 och dëst Joer bei der Sportlerin vum Joer duerchsetzen. Bei den Häre goung den Titel un den Tom Habscheid (Para-Liichtathletik) a bei der Ekipp vum Joer huet sech d'Lëtzebuerger Basketnationalekipp vun den Damme behaapt. Den Trainer vum Joer ass den Arnaud Starck (Liichtathletik). Gewielt goufe si vun de Membere vun der Sportspress.

Sportler vum Joer

Bei den Häre goung déi éischt Plaz mat 412 Punkte souverän un den Tom Habscheid (Para-Liichtathletik). Hien hat eng komfortabel Avance op de Gewënner vum leschte Joer, de Leandro Barreiro (178 Punkten).
Op d'Plazen hannendru komme mat 159 Punkten de Sprangreider Victor Bettendorf a mat 148 Punkten de Futtballer Anthony Moris.

Sportlerin vum Joer

Mat 512 Punkte koum d'Patrizia van der Weken bei der Wiel vun der Sportlerin vum Joer kloer virun der Thriathletin Jeanne Lehair (247 Punkten) op déi éischte Plaz.
Mat 205 Punkten ass d'Marie Schreiber vun de Membere vun der Sportspress op déi 3. Plaz gewielt ginn.

Trainer vum Joer

Den Arnaud Starck (Liichtathletik) gouf als Trainer vum Joer gewielt. Den Trainer vun ënnert anerem dem Patrizia van der Weken krut 445 Punkten. Déi zweete Plaz war fir de Mariusz Dziurdzia, den Trainer vun der Basketnationalekipp vun den Dammen, mat 332 Punkten. Déi drëtte Plaz goung mat 256 Punkten un den Tommy Danielsson (Dëschtennis).

Ekipp vum Joer

D'Lëtzebuerger Basketnationalekipp vun den Dammen däerf sech iwwer den Titel Ekipp vum Joer freeën. Mat 416 Punkten huet ee sech virun der Futtballnationalekipp vun den Hären (241 Punkten) duerchgesat.
Déi 3. Plaz war fir d'Rugby-Nationalekipp vun den Hären (158 Punkten).

Nieft de 4 Haaptpräisser goufen och nach weider Laureate geéiert

Präis fir de beschte jonke Sportler an déi bescht jonk Sportlerin
Lang David (Triathlon)
Nothum Gwen (Vëlossport)

Präis Ultra Sport
Kremer Paule (Schwammen)

Präis Sport an Handicap
Schröder Eike (Special Olympics)

Prix d'Honneur sportspress.lu
Val Langhegermann (Vëlossport an Dëschtennis)

Hei nach eng Kéier all déi Nominéiert

Sportler vum Joer
Barreiro Leandro - Futtball
Bertemes Bob - Liichtathletik
Bettendorf Victor - Sprangreiden
Fabiani Rémi - Schwammen
Giannotte Flavio - Fechten
Geniets Kevin - Cyclissem
Habscheid Tom - Para-Liichtathletik
Kirsch Alex - Cyclissem
Klein Pit - Bouschéissen
Kovac Ben - Basketball
Mladenovic Luka - Dëschtennis
Moris Anthony - Futtball
Munster Grégoire - Auto-Sport
Wagner Ehlinger Nicolas - Dressurreiden

Sportlerin vum Joer
De Nutte Sarah - Dëschtennis
Estevez Marta - Futtball
Etute Ehis - Basketball
Hoffmann Vera - Liichtathletik
Klein-Shkolna Mariya - Bouschéissen
Lehair Jeanne - Triathlon
Majerus Christine - Cyclissem
Mathias Charline - Liichtathletik
Mordenti Céleste - Turnen
Ni Xia Lian - Dëschtennis
Schreiber Marie - Cyclissem
Simon Anne - Basketball
Van der Weken Patrizia - Liichtathletik
Warling Jenny - Karate

Ekipp vum Joer
Basketball - Dammennationalekipp
Futtball - Härennationalekipp
Handball - HB Diddeleng Dammen
Rugby - Härennationalekipp
Tennis - Davis-Cup-Ekipp Hären
Dëschtennis - Dubbel mixte Ni/Mladenovic
Bouschéissen - Dubbel mixte Shkolna/Seywert

Trainer vum Joer
Danielsson Tommy - Dëschtennis
Dziurdzia Mariusz - Basketball
Holtz Luc - Futtball
Starck Arnaud - Liichtathletik

RTL

© Pressphoto / RTL