Christian Kist geléngt éischten 9-Darter bei dëser WM - a verléiert

© AFP
E Mëttwoch den Owend gouf et bei der Darts-WM zu London deen éischten 9-Darter.
Dem Christian Kist ass e Mëttwoch den Owend am Duell mam Lett Madars Razma de perfekte Spillzuch am decisive Leg vum éischte Saz gegléckt. Den Hollänner huet déi 501 Punkte mat néng Darts op null gesat. De Kist ass domadder mat 1:0 a Féierung gaangen. Hien huet de klassesche Wee, fir dat perfekt Spill genotzt: 180, 180 an 141 Punkten iwwer T20, T19 an D12.
Bei der PDC-Darts-Weltmeeschterschaft, déi zanter 1994 organiséiert gëtt, gouf fir 15. Kéier e perfekt Leg gespillt.
Fir all perfekte Spillzuch gi vum Haaptsponsor vun der Darts-WM 180.000 Pond (ronn 215.000 Euro) verdeelt. D'Präisgeld gëtt an dräi gedeelt a geet un den erfollegräiche Spiller, d'Organisatioun Prostate Cancer UK an un e Fan.
Per Zoufallsprinzip gouf e Fan ënnert all de Spectateuren, déi e Mëttwoch den Owend am Ally Pally mat vun der Partie waren, erausgesicht. De Gléckleche war en engleschen Eisebunnsmataarbechter aus dem Londoner Quartier Sutton.
Fir de Kist ass et trotz dem perfekte Leg net fir déi zweet Ronn duergaangen. Hien huet den Duell géint de Lett mat 1:3 verluer.