D'Halleffinallen an d'Finall iwwer 60 Meter kënnt Dir e Sonndeg vu 16 Auer u live op RTL ZWEE an RTL.lu live kucken.

En Donneschdeg den Owend huet d'Indoor-Europameeschterschaft an der Liichtathletik ugefaangen. E Sonndeg start d'Patrizia van der Weken iwwer 60 Meter. D'Lëtzebuergerin ass zanter leschtem Joer an der Weltelite ukomm an zielt bei der Indoor-EM zu de Medailekandidatinnen.

D'Patrizia van der Weken huet all 60-Meter-Course, déi si 2025 gelaf ass, gewonnen. D'Lëtzebuergerin geet deemno mat vill Confiance an d'Course e Sonndeg. "Ech weess, wat ech kann. Ech weess, wat ech wäert sinn. An ech weess, dass et sauer wäert ginn. Ech muss alles ginn. Ech probéieren, mat deenen éischte Meedercher unzekommen", sou d'Patrizia van der Weken e Freideg den Owend am RTL-Interview.

Am Idealfall stinn e Sonndeg dräi Courssen iwwer 60 Meter fir d'Lëtzebuergerin um Programm: D'Serien, d'Halleffinallen an d'Finall. Eng Situatioun, déi d'Patrizia van der Weken bis ewell nach net ganz esou dacks an hirer Karriär erlieft huet, ma am Training huet si sech dorop preparéiert.

"Vue, dass ech haut an där Positioun sinn, an där ech sinn, muss ech dann hoffentlech, warscheinlech an de Serien och net alles ginn, mee einfach kontrolléiert lafen an assuréieren, dass ech vir mat bäi sinn." 

Hir Konkurrenz kennt si mëttlerweil gutt. "Ech freeë mech, se rëm ze gesinn an ech hoffen, dass ech do meng gutt Kaarte wäert hunn." 

D'Halleffinallen an d'Finall iwwer 60 Meter kënnt Dir e Sonndeg vu 16 Auer u live op RTL ZWEE an RTL.lu live kucken.

Directeur technique vun der FLA Jean-Baptiste Souche beandrockt vun der Infrastruktur zu Apeldoorn
Nach bis e Sonndeg gëtt am Omnisportzenter d'Indoor-EM an der Liichtathletik organiséiert.

Den Zäitplang vum Patrizia van der Weken

Nieft dem Patrizia van der Weken hat sech och d'Vera Bertemes-Hoffmann fir d'Europameeschterschaft qualifizéiert. Si konnt awer op Grond vun enger Gripp net iwwer 1500 Meter un den Depart goen. D'Patrizia van der Weken leeft hir Courssen e Sonndeg. Um 12 Auer ginn d'Serien iwwer 60 Meter gelaf, d'Halleffinalle si vu 16.05 Auer un ugesat. D'Finall ass fir 18.37 Auer geplangt.

Dono geet d'Indoor-Europameeschterschaft mat der 4x400 Meter Staffel vun den Dammen op en Enn.

Hei fannt Dir de geneeën Zäitplang vun der Indoor-EM.

D'Konkurrenz

Am Europa-Ranking läit si momentan mat hirem Lëtzebuerger Rekord vu 7,07 Sekonnen (Opgestallt den 19. Januar 2025 an der Coque) op der 3. Plaz. Déi Séiersten an dëser Saison an enger Zäit vu 7,03 Sekonnen (22. Februar 2025 zu St. Gallen) war bis elo d'Mujinga Kambundji aus der Schwäiz. D'Italienerin Zaynab Dosso ass 7,05 Sekonne (16. Februar 2025 zu Toruń) gelaf. Och d'Polin Ewa Swoboda zielt mat hirem Chrono vu 7.09 Sekonnen (4. Februar zu Ostrava) zu de grousse Favoritinnen op den Titel. D'Swoboda an d'Dosso stounge bei der leschter Outdoor-EM iwwer 100 Meter hannert der Brittin Dina Asher- Smith mat um Podium. Fir d'Patrizia van der Weken war et d'lescht Joer zu Roum déi ondankbar 4. Plaz.

Apeldoorn e gutt Omen fir d'Lëtzebuerger Sportler

Apeldoorn läit an der Provënz Gelderland eng ronn 400 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech. D'Kompetitioune sinn am Omnisportzenter, dat ass eng grouss Sportshal an déi och e Vëlodrom integréiert ass. 2011 an 2018 war d'Weltmeeschterschaft op der Bunn zu Apeldoorn, 2016 war et den Depart vum Giro d'Italia mat engem Zäitfueren iwwer 9,8 Kilometer. De Bob Jungels hat sech deemools als 7. op der Etapp klasséiert a war um Enn vum Giro de beschte Jonken an de 6. am Generalklassement. De Vincenzo Nibali hat de Giro dat Joer gewonnen.