Op de leschte Meter virun der Arrivée waren nach siwe Fuerer am Coup. Den Toon Aerts hat dat néidegt Gléck virum Thibau Nys an dem Joran Wyseure.

De Parcours laanscht an duerch d'Düne vu Middelkerke war keen einfachen. Mee no siwen Tier an engem enke Sprint duerft sech den Toon Aerts iwwer säin zweeten Europameeschtertitel no 2016 freeën. Den 32 Joer ale Belsch stoung un der Spëtzt vun enger dräifacher Victoire fir d'Belsch. Den Thibau Nys konnt säin Titel vun 2024 esou just net verdeedegen, well hien e puer Zentimeter hannert dem Aerts an d'Zil koum. De Joran Wyseure hat och just 3 Sekonne Réckstand.

Déi ganz Course iwwer konnt sech keen eenzele Fuerer vum Peloton ofsetzen, mee et gouf ëmmer eng Grupp aus zwee bis véier Fuerer, déi sech un der Spëtzt ofgewiesselt hunn. An de leschten zwee Tier ass dës Grupp ëmmer méi grouss ginn, well vun hanne Fuerer opschléisse konnten. Sou goung eng Grupp vu siwe Fuerer zesummen an de leschten Tour. Am Sprint hat dunn den Toon Aerts déi méi séier Been.

Jugendkategorien

Bei den U23-Damme goung den Titel un d'Lonie Bentveld aus Holland. Si hat um Enn eng kloer Avance op d'Franséisinne Célia Gery (+ 1:11) an Amandine Muller (+ 1:49). D'Marie Schreiber war wéinst hirer kierperlecher Verfaassung guer net ugetrueden.

D'Juniore ware schonn um 11 Auer op de Circuit geschéckt ginn. Hei duerft sech de Filippo Grigolini iwwer den Europameeschtertitel um sandege Parcours freeën. Hien hat eng knapp Avance op säi Landsmann Patrik Pezzo Rosola (+ 0:13) an de Belsch Giel Lejeune (+ 0:16).

Aus Lëtzebuerger Siicht waren de Ben Fleming an den Dawson Fehlen Pereira um Depart. De Fleming huet sech als 41. (+ 4:41) klasséiert an de Fehlen Pereira gouf als 61. (+ 9:32) gewäert.

Klassementer

Hären Elite

1 AERTS Toon 58:40
2 NYS Thibau ''
3 WYSEURE Joran 0:03
4 RONHAAR Pim 0:04
5 MASON Cameron ''
6 VERSTRYNGE Emiel 0:12
7 HENDRIKX Mees 0:25
8 MICHELS Jente 0:33
9 ORTS LLORET Felipe 0:37
10 VANTHOURENHOUT Michael 0:42

Junioren

1 GRIGOLINI Filippo 38:50
2 PEZZO ROSOLA Patrik 0:13
3 LEJEUNE Giel 0:16
4 TIMMERMANS Cas 0:27
5 HEEREN Delano 0:49

...
41 FLEMING Ben 4:41
61 FEHLEN PEREIRA Dawson 9:32