Wolz huet sech kloer géint Miersch duerchgesat. Biissen huet Diddeleng eliminéiert. De Racing huet sech am Eelefmeterschéisse géint Ettelbréck duerchgesat.

Dëse Weekend stinn an der Coupe de Luxembourg d'1/16-Finallen um Programm. E Freideg hat sech Nidderkuer scho fir den nächsten Tour qualifizéiert.

Um Sonndeg huet sech Victoria Rouspert knapp 3:2 beim FC Monnerech duerchgesat, wärend Wolz Miersch mat 6:0 iwwerrannt huet. Insgesamt hu sech d'Ekippen aus der BGL Ligue gutt aus der Affär gezunn. D'US Munneref huet sech 2:0 zu Berbuerg behaapt. Mamer huet Käerjeng 2.0 geklappt a Rodange huet beim FC Luerenzweiler 4:2 gewonnen. Och d'Jeunesse Kanech an d'UNA Stroossen sinn eng Ronn weider. Béid Ekippen hunn hir Matcher 3:2 beim FC Mënsbech respektiv beim FC Bieles gewonnen.

Den éischte Match vum neien Hesperer Trainer ass an d'Box gaangen. De Swift huet doheem 3:0 géint d'US Hueschtert verluer. Déifferdeng huet säi Match géint d'Union Titus Péiteng 2:1 gewonnen.

De Match Ettelbréck géint de Racing gouf am Eelefmeterschéissen decidéiert. No 90 Minutten hat et 1:1 an no 120 Minutten 2:2 gestanen. Well d'Etzella 2 vu véier Eelefmetere verschoss huet, duerft sech de Racing um Enn iwwer e 6:4 freeën.

Den F91 Diddeleng wäert d'Coupe dëst Joer net gewannen. D'Ekipp aus der Forge du Sud war dem FC Atert Biissen no 120 Minutte mat 1:4 ënnerleeën.

Biissen eliminéiert Diddeleng an der Coupe
An der 1/16-Finall huet Biissen an der Verlängerung 4:1 beim F91 gewonnen.

An der Verlängerung huet sech d'US Feelen am Éierepromotiounsduell géint den SC Beetebuerg duerchgesat. No 120 Minutte stoung et 2:1 fir d'Nordliichter. Och Rëmeleng géint d'Escher Fola goung an d'Verlängerung. Hei hat d'Fola mat 4:2 de besseren Ausgang fir sech.

Mam FC Luxembourg City an Alisontia Steesel stinn zwou weider Ekippen aus der Éierepromotioun am nächsten Tour.

Den Iwwerbléck vun de Resultater