De Gerson Rodrigues ass bei deenen zwee Frëndschaftslännermatcher géint Slowenien an Irland am Kader vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp dobäi.

Dat huet den Nationaltrainer Luc Holtz e Freideg de Moien op senger Kader-Presentatioun annoncéiert.

De Rekordbutteur vun der Nationalekipp gouf Enn Abrëll an zweeter Instanz wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung zu 18 Méint Prisong op Sursis schëlleg gesprach. Den CA vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun wëll keng weider Strofe géint de Gerson Rodrigues virhuelen. Dofir däerf den Nationaltrainer Luc Holtz de Stiermer vun AVS Futebol a Portugal och selektionéieren.

Den FLF-Jurist Marc Diederich iwwer d'Persoun Gerson Rodrigues
De Rekordbutteur vun der Nationalekipp gouf Enn Abrëll an zweeter Instanz verurteelt. D'FLF wëll keng weider Strofe virhuelen.

Et goufen awer par rapport zu de Lännermatch-Rendez-vousen am Mäerz verschidden Ännerungen. Net mat dobäi sinn déi Blesséiert Marvin Martins an den Yvandro Borges Sanches. De Lars Gerson, de Mica Pinto, de Sébastien Thill, den Aiman Dardari an den Jayson Videira däerfe sech iwwert hire Retour an de Krees vun de roude Léiwe freeën. Fir den André Barrela an den Diego Duarte ass et dogéint déi éischt Selektioun.

D’FLF-Formatioun spillt freides de 6. Juni um 19 Auer heiheem géint Slowenien. Véier Deeg drop heescht de Géigner am Stade de Luxembourg um 20.45 Auer dann Irland.

Déi jonk Lénk stellen an engem oppene Bréif ënnert anerem d’Fro, wat fir eng moralesch Iwwerzeegungen d'Féierungsetage vun der Futtball-Federatioun, den Nationaltrainer an och de Sportminister hunn, wa si ee sportleche Succès iwwer d'Rechter vu Fraen an Affer vu Gewalt stellen.