De Veräin aus dem klengen Duerf mat 1.379 Awunner ass dräi Spilldeeg viru Schluss an der Tabell net méi anzehuelen.

En huet e Méindeg den Owend 2:0 zu Göteburg gewonnen. Vu 27 Matcher huet den neie schwedesche Champion der 20 gewonnen a just ee verluer.

Virun néng Joer wär Mjällby bal an déi 4. Liga ofgestigen, doropshi gouf sech nei opgebaut, ouni Investisseur, mä mat Teamgeescht an engem speziellen Trainerduo. Vill Spiller liewen och zesummen an enger Zort Studentewunneng. D'lescht Saison ware se schonn déi ganz staark fënneft ginn, dëst Joer ware se net ze stoppen.

Seng Matcher spillt Mjällby AIF am Stadion Strandvallen an der Uertschaft Hällevik, déi net vill méi grouss ass wéi Mjällby.

Den Trainer Anders Tortensson ass zanter 2023 op sengem Posten. De Schweed huet 10 Joer an der Arméi gedéngt, war duerno Schouldirekter, éier en Trainer bei sengem Ex-Club Mjällby ginn ass. Am Summer 2024 war beim 59 Joer alen Torstensson chronesch lymphatesch Leukemie festgestallt ginn. "Eng Behandlung ass net néideg, also maachen ech weider. Et hätten 100 méi schlëmm Diagnose kënne ginn", esou den Torstensson.