D'Nominatioun vum Gerson Rodrigues suergt fir vill Reaktiounen am Netz

© Val Wagner (Archiv)
Nodeems den Nationaltrainer Luc Holtz e Freideg de Kader fir déi nächst Lännermatcher ugekënnegt huet, huet et net laang gedauert, bis reagéiert gouf.
Besonnesch goung et dobäi ëm een Numm, an dat ass dee vum Gerson Rodrigues. De Rekordbutteur vun der Nationalekipp gouf Enn Abrëll an zweeter Instanz wéinst haislecher Gewalt a Kierperverletzung zu 18 Méint Prisong op Sursis schëlleg gesprach. De Conseil d'Administration vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun ass der Meenung, dass de Gerson Rodrigues net vum Verband eng zweete Kéier bestrooft sollt ginn, an dass en eng zweet Chance verdéngt huet, esou den FLF-Jurist Marc Diederich. Dofir däerf den Nationaltrainer Luc Holtz de Stiermer vun AVS Futebol a Portugal och selektionéieren.
Dat stéisst net iwwerall op der Versteesdemech, an et huet dann och net laang gedauert, bis Kritik un där Decisioun geäussert gouf. Zimmlech séier koum e Schreiwes vun de jonke Lénken, déi an engem oppene Bréif ënnert anerem d'Fro opwerfen, wat fir eng moralesch Iwwerzeegungen d'Féierungsetage vun der Futtball-Federatioun, den Nationaltrainer an och de Sportminister hunn, wa si ee sportleche Succès iwwer d'Rechter vu Fraen an Affer vu Gewalt stellen. Si hu spéider dann och nach an engem Video op hir Bedenken opmierksam gemaach.
D'Mandy Minella schreift op Facebook, dass et net ka sinn, dass trotz enger Verurteelung wéinst Gewalt, ee fir e Frëndschaftslännermatch an d'Nationalekipp kéint geruff ginn. "E Profisportler huet eng Verantwortung, net just um Terrain, mee och als Virbild fir Kanner a Jugendlecher. "
D'Taina Bofferding stellt d'Fro, wat fir eng Wäerter ee kommunizéiert, wann ee verurteelte Profisportler eist Land däerf representéieren? "Haislech Gewalt ass e Kavaléiersdelikt, wann e gudde Fussball spillt? NEE! Gewalt, déi hanner zouen Diere passéiert, däerf net zur Privatsaach erklärt ginn! Fir mech en NO GO."
D'Barbara Agostino huet dann och kee Versteesdemech, fir déi Decisioun. Si appelléiert un d'FLF an un d'Autoritéiten hir Responsabilitéiten ze huelen, an de Sportler direkt aus der Selektioun auszeschléissen. "Le Luxembourg ne peut pas prôner une “tolérance zéro” envers les violences, et en même temps fermer les yeux quand ça touche un joueur médiatisé. L’exemplarité n’est pas une option : elle est une responsabilité."
Kritik un der Kritik
Kritik* kënnt awer och un de Reaktiounen aus politesche Kreesser, esou zum Beispill vum Tiago Rodrigues, Trainer beim FCM Young Boys Diekirch, deen d'Fro stellt, zanter wéini d'Justiz zu enger politescher Waff géif ginn.
"C’est dégueulasse. C’est de l’hypocrisie pure. On ne veut pas "protéger l’image du pays", on veut juste faire semblant d’agir tout en ignorant les vrais monstres qui errent parmi nous. Laissez Gerson jouer. Laissez-le vivre. La justice a parlé, maintenant, foutez-lui la paix."
(*No der Verëffentlechung vun dësem Artikel, gouf de Bäitrag aus de soziale Medie geläscht.)
De Fred Keup reagéiert op de Statement vun der Mandy Minella a stellt d'Fro, wisou si net drop reagéiert, dass de Pim Knaff Schäffen zu Esch däerf bleiwen, wa se fuerdert, dass de Gerson Rodrigues soll aus der Nationalekipp geheit ginn.
Reaktioun vum Gerson Rodrigues
De betraffene Futtballspiller huet um Samschdeg op Instagram zwou Fotoe vu sech gepost mat dem Message: "Only God can judge me Only God could judge me🤫👈#GR10".