Rout Léiwen verléieren an Nordirland knapp mat 0:1




































































































En Eelefmeter ass der Heemekipp duergaange, fir déi 3 Punkten doheem ze halen. Lëtzebuerg schléisst d'Qualifikatioun vun der WM mat 0 Punkten of.
D'Ufanksphas vum Match huet ganz kloer de Nordire gehéiert. Nodeems d'Rout Léiwe sech zwou richteg gutt Méiglechkeeten erausgespillt haten, sollten se op der anerer Säit nees bestrooft ginn. No engem Agrëff vum VAR gouf et en Eelefmeter fir d'Heemekipp an den Donley huet seng Faarwen a Féierung bruecht. Nom Säitewiessel sollt et viru béide Goler keng richteg geféierlech Aktiounen a Golschëss ginn, esou datt et um Enn bei der knapper 0:1-Néierlag fir Lëtzebuerg an Nordirland bliwwen ass. D'Ekipp vum Jeff Strasser bleift am Grupp A mat 0 Punkten an engem markéierte Gol um Wupp vun der Tabell.
Am zweete Match vum Grupp A konnt Däitschland sech kloer mat 6:0 géint Slowakei behaapten a qualifizéiert sech direkt fir d'WM. An der Paus war d'Mannschaft schonns mat 4:0 vir.
Reaktioune vun de Lëtzebuerger
De Resumé vum Match
Nordirland - Lëtzebuerg 1:0
1:0 Donley (44', Eelefmeter)
Op engen Terrain, deen net am beschten Zoustand war, haten d'Rout Léiwe Problemer fir an d'Partie ze fannen. D'Nordiren hunn d' Lëtzebuerger fréi ënner Drock gesat a konnte vun den technesche Problemer profitéieren. Den Anthony Moris huet sou zweemol bei Golschëss misse paréieren. An der 17. Minutt louch de Ball eng éischte Kéier am Lëtzebuerger Filet, de Gol vum Donley huet wéinst Abseits awer net gezielt.
Lues a lues koumen d'Gäscht besser an d'Zweekämpf an den Drock vun der Heemekipp huet nogelooss. An der 24. Minutt gouf et déi éischt Chance fir d'Rout Léiwen - an et war eng ganz gutt. De Sinani hat de Martins an Déift geschéckt, de Mëttelfeldspiller ass awer um Golkipp hänke bliwwen. 3 Minutten drop ass e Wäitschoss vum Olesen knapp laanscht de Gol gaangen.
D'Spill vun Nordirland ass ëmmer méi onprezis ginn an d'Rout Léiwe konnten d'Gefor gréisstendeels vum eegene Gol fort halen. An der 39. Minutt gouf et nees eng Chance fir Nordirland, de Schoss vum Price ass wäit laanscht de Gol gaangen. Déi Zeen sollt awer nach emol wichteg ginn, well am Virfeld vum Ofschloss hat de Martins e Feeler um Brown gemaach. Den Arbitter huet nom VAR op de Punkt gewisen an den Donley konnt d'Nordire kuerz virun der Paus mat 1:0 a Féierung bréngen.
Nom Säitewiessel war et an enger éischter Phas méi roueg. An der 54. Minutt goung e Kappball vum Carlson op d'Lat. Kenge vu béiden Ekippen ass et gelongen den Tempo héich ze halen an et goufe weider keng Geleeënheeten. D'Rout Léiwen hu probéiert no vir ze spillen, déi lescht Pass huet oft gefeelt.
An der 82. Minutt goung e Fräistouss vum Sinani iwwer de Gol. Trotz offensive Wiesselen huet de Roude Léiwen an de leschte Minutten de richtege Punch gefeelt, fir nach e Gol ze markéieren. Och d'Nordiren hunn am Spill no vir näischt méi riskéiert, haten an der Nospillzäit duerch de Price awer eng Chance op den 2:0, de Ball goung awer driwwer. Et blouf bei der 0:1-Defaite.