Suzie Godart gëtt Masters-CX-Europameeschterin
© Marc Godart
Donieft hu sech zu Samorin an der Slowakei och déi beschten europäesch Nowuesstalenter gemooss.
D'Suzie Godart konnt sech am slowakesche Samorin an der EM-Course vun de Masters an hirer Altersklass duerchsetzen, an den Titel bei der 60-64 Järege géint zwou Konkurrentinne verdeedegen. Fir déi 63 Joer al Athletin war et de fënneften EM-Titel bei de Masters.






Och déi Jonk ware gutt ënnerwee
An der Kategorie Men 13 koum den 12 Joer ale Lëtzebuerger Mathis Elsen vum CT Aterdaul no 10,5 Kilometer mat engem Retard vun 42 Sekonnen op déi staark 5. Plaz. An der Qualifikatioun hat de Lëtzebuerger Champion um Mountainbike an der op der Strooss sech vun der zougelouster 24. Plaz mussen no vir kämpfen. De Lou Philippe vun der Pédale Schëffleng konnt sech um séieren an technesche Parcours mat 4 Minutten a 6 Sekonne Réckstand als 29. klasséieren. Am Ganze ware 35 Cyclisten aus 15 Natiounen um Start.
© Grand-Ducal Cycling Photography
Bei de Women 13 gouf d'Lyel Hever vun der Pédale Schëffleng no 7 Kilometer dat 13., mat engem Retard vun 2 Minutten an 9 Sekonnen op d'Gewënnerin aus Holland.
Dem Mathis säi Brudder Yannis Elsen vum CT Aterdaul war bei de Men 15 um Depart, an ass mat 3 Minutten a 14 Sekonne Réckstand als 41., ënner 66 Konkurrenten, iwwer d'Ligne d'arrivée gefuer.
Weider Informatiounen iwwer d'Jugend-EM am Cyclocross op uec.com