E Méindeg den Owend war et d'Suite vun der WM-Qualifikatioun am Futtball.

Am Grupp L huet sech Kroatien direkt fir d'WM qualifizéiert. Tschechien steet no der klorer Victoire géint Gibraltar op der 2. Plaz a geet an de Playoff. Holland huet sech am Grupp G nom Succès géint Litauen déi 1. Plaz an den direkten Ticket fir d'WM geséchert. Malta war Polen knapp mat 2:3 ënnerleeën. Mat där Victoire huet Polen sech den Ticket fir de Playoff gekroopt.

Am Grupp A huet sech Däitschland déi éischt Plaz geséchert. D'Rout Léiwen hunn och hir lescht Partie verluer a schléissen d'Campagne mat 0 Punkten of. D'Detailer fannt Dir hei am Artikel.

En Dënschdeg den Owend ginn dann déi lescht Matcher vum leschte Spilldag gespillt. Hei ginn dann och déi lescht direkt Tickete fir d'WM verdeelt, ier dann nach de Playoff ëm déi lescht Plaze bei der WM gespillt wäert ginn.

Grupp L

De Resumé vun de Partië Tschechien - Gibraltar a Montenegro - Kroatien
Tschechien huet kloer gewonnen. Kroatien huet d'Partie gedréint an um Enn mat 3:2 d'Iwwerhand behalen.

Tschechien - Gibraltar 6:0
1:0 Doudera (5'), 2:0 Chory (18'), 3:0 Coufal (32'), 4:0 Karabec (39'), 5:0 Soucek (44'), 6:0 Hranac (51')

Montenegro - Kroatien 2:3
1:0 Osmajic (3'), 2:0 Krstovic (17'), 2:1 Perisic (37', Eelefmeter), 2:2 Jakic (73'), 2:3 Vlasic (87')

Grupp G

Malta - Polen 2:3
0:1 Lewandowski (32'), 1:1 Cardona (36'), 1:2 Wszolek (59'), 2:2 Teuma (68', Eelefmeter), 2:3 Zielinski (85')

Holland - Litauen 4:0
1:0 Reijnders (16'). 2:0 Gakpo (58', Eelefmeter), 3:0 Simons (60'), 4:0 Malen (62')

All d'Resultater an d'Tabellen