Am Grupp B4 wäert d'Dammennationalekipp d'nächst Joer 6 Partië spillen. Zwee vun deene Matcher wäerten op neutralem Buedem ausgedroe ginn.

Souwuel den Allers- wéi och de Retourmatch géint Israel, déi fir de 14. an 18. Abrëll 2026 ugesat sinn. D'Federatioune vun dësem Grupp hunn dat fir all d'Partië géint Israel decidéiert.

Ufänken deet d'Campagne den 3. Mäerz géint d'Schottinnen. De Retour ass fir de 7. Mäerz geplangt.

Den Duell mat de Rouden Däiwelinnen aus der Belsch bestreiden eis Rout Léiwinnen de 5. Juni. De Réckmatch ass véier Deeg méi spéit, de 9. Juni ugesat.

Wou genee d'Matcher wäerten ausgedroe ginn, wäert zesumme mat der UEFA koordinéiert an da bekannt gemaach ginn.