
Dat ass eng gutt Occasioun, fir datt den Organisateur an d’Athleten Erfarungen en vue vun den Olympesche Spiller sammele kënnen. Well et och eng Manche vum Weltcup ass, sinn déi Bescht vun de Welt um Depart.
De Lëtzebuerger Recurve-Spezialist am Bouschéisse Jeff Henckels huet nach berechtegt Chancen, fir sech fir d’Olympesch Spiller ze qualifizéieren. Den aktuellen 69. am Worldranking huet zu Paräis knapp an der 1/32-Finall verluer a klasséiert sech als 33. ënnert 128 Konkurrenten. De Compound ass dogéint keng olympesch Disziplin. Viru kuerzem hat den Duo Shkolna / Seywert d’Bronzemedail op der Europameeschterschaft gewonnen. Zu Paräis ass et manner gutt gelaf. Si goufen déi 17..
Och d’Bouschéissen ass en Element vum Konzept vum Organisateur, fir d’Olympesch Spiller op pittoreske Paräisser Plazen duerchzezéien. Esou war en Deel vum Bouschéissen am Stade Charlety an d’Hallef- an d’Finallen op les Invalides.